Dës Manifestatioun ass annuléiert!
Am Juli 2018 gouf dem Guy Wagner säi literarescht Ierwen dem CNL uvertraut. A sengem Fong si net just seng Wierker, mee och Korrespondenzen, Liewensdokumenter a vun him ugeluechte Sammlungen ze fannen. Wat erzielen eis dës Dokumenter iwwer de Schrëftsteller, Journalist an Iwwersetzer Guy Wagner a wéi eng Erënnerunge riskéieren trotz dëser Aart vu Conservatioun verluer ze goen?
Unhand vu senge Wierker, dem Archivmaterial a liewegen Temoignage proposéieren d’Annick Stein (CNL) an de Charles Muller zesumme mat dem een oder aneren Iwwerraschungsgaascht dräi verschidde Pisten, wéi un de Guy Wagner erënnert ka ginn.