Liesung mat Gespréich a Musek

De Serge Tonnar als Iwwersetzer

2019 huet de Serge Tonnar gläich 3 Wierker erausbruecht, un deenen hien als Iwwersetzer an d'Lëtzebuergescht gewierkt huet.

Aner Lidder, eng Sammlung mat Reprise vu Léo Ferré, Nick Cave, Jacques Brel, Bettina Wegner, Francis Cabrel, John Lennon an aneren.

Den Tao Te King vum chineesesche Philosoph Lao Tse, 81 kuerz Texter aus dem 6. Joerhonnert viru Christus, déi en universellt humanistescht Gedankegutt erëmspigelen.

De Pier an de Wollef, de Klassiker vum Sergej Prokofieff, an enger Opnam mam OPL.

De Serge gëtt en Abléck an déi Aarbechten op dësem Owend am Literaturzentrum, tëscht Liesung, Gespréich a live Musek.

 

Den Entrée ass fräi, ma Dir musst Iech umellen iwwer reservation.literaturarchiv.lu .

Aktualiséiert