Exposition

Pir Kremer - ZesummegePIKtes

Fir dem Auteur säin 100. Gebuertsdag - e Réckbléck op Liewen a Wierk, Mierscher Kulturhaus, CNL, CNA

Een Humorist ass een Humanist mat Häerz a mat Witz (...)

(...)Ënnert den Zäit-, Gesellschafts-, Politik- a Kulturkritiker sin déi echt Humoristen éischter dënn geséint. (...) Zu dëser rarer Kategorie vun Humoriste gehéiert Kréimesch Pir, wéi all déi en nennen, déi hien zënter Joerzéngten duerch de Radio, d’Revue, déi vill lëschtesch Owenter oder duerch seng Bicher kennen an déi e gär hun. Duerch séng kärech Sprooch, an där Nuancen, Wuertspiller, raffinéiert Ënnertéin agefaang sin, duerch säi luussige Bléck, an deem sech Situatiouns komik spigelt, huet en de Jonken an Elere vill Freed gemaach, ouni mat bëllegen Tricken a klengem Klaatsch ze jongléieren (...)

Léopold Hoffmann „Méi wéi honnert Pärelen“, Editions des Cahiers Luxembourgeois, Editeur Nic Weber

De Pir Kremer, dat ass e Stéck Lëtzebuerg. Fir den 100. Gebuertsdag beliicht d’Ausstellung Pir Kremer – ZesummegePIKtes d’Liewen an d’Wierk vun deem Auteur, deem seng Stëmm wuel wéi keng aner d’Lëtzebuerger Radio- a Sproochelandschaft matgepräägt huet. D’Ausstellung proposéiert e Réckbléck op dem Auteur säi Liewen, op seng vilfälteg Theaterproduktiounen, seng Radios- a Televisiounsemissiounen an op säi Schaffen als Satiriker an Dichter. Si bitt do riwwer eraus eng originell Vue op manner bekannte Facettë vun dem Pir Kremer senger Perséinlechkeet, wéi z.B. seng Aktivitéit als Publicitéitstexter. D’Ausstellung erméiglecht en Abléck a bis ewell nach ni gewisen Dokumenter a vermëttelt unhand vu Biller, Stëmmen an Texter déi besonnesch Atmosphär vum Phenomen Pir Kremer.

 

Méindes bis Freides 14:00 - 17:00

Vernissage Do 12.12.2019 | 18:30

Während de Schoulvakanzen bleift d'Ausstellung zou.

Aktualiséiert