Lecture / Lesung

Europäesch Kazen

De Gast Groeber beschäftegt sech a sengen Texter mat existenzielle Froen, beliicht geliefte Lëtzebuerger Wierklechkeeten, a schreift och iwwer Migratioun an d´Flüchtlingskris.

Am Gespréich mam Sascha Dahm schwätzt hien iwwert säi literarescht Schafe fir dat hien e.A. 2014 mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent gouf, de Schreifprozess vu sengem neie Wierk Zweemol schwaarze Kueder an och iwwer Europa a seng Kuerzgeschicht Aktuelle Wetterwarnung: überwiegend dichter Nebel, fir déi de Gast Groeber mam MEPs Prize vum European Union Prize for Literature ausgezeechent gouf.

Hie wäert, nieft Auszich aus sengem leschte Buch, dës eng éischte Kéier engem breede Public a Lëtzebuerg virstellen.

Musikalesch begleet gëtt den Owend vum Anouk Stephano um Piano.

Dernière mise à jour