Lecture / Lesung

Duerch de Mëllerdall

Literatur & Jazz mat Texter iwwert de Mëllerdall

Dësen Owend geet iwwert de Mëllerdall, iwwert seng natierlech Schéinheeten, mee och ëm d’Soen an déi impressionnant Personnagen ewéi den Hierger, d’Griselinde, d’Goldfrächen a natierlech de Renert an de Michel Rodange, an deem senge Schrëften d’Lokalitéiten an dem Mëllerdall ëmmer erëm present sinn.

Mat Extraiten aus literareschen Texter vum Mil Goerens, Michel Lentz, Mathias Ruden, Nik Welter, Batty Weber a villen aneren. Geschwat vun Eugénie Anselin a Steve Karier a musikalesch begleet vu Benoît Majerus (Batterie) a Michel Pilz (Bassklarinett).

An Zesummenarbecht mat der Kultur- an Tourismuskommissioun vun der Gemeng Waldbëlleg.

Aktualiséiert