Cabaret

De Cabaret Batter Séiss stellt vir: »Et geet ëm de Fric«

Wann een d‘Hannergrënn vun deene groussen an och deene méi klengen Decisioune wëllt verstoen an novollzéien, da kënnt een noutgedrongen ëmmer nees zum selwechte Schluss. Et geet bal ëmmer just nëmmen ëm dat eent, an dat ass de Fric. Vill Decisiounen si Gëft fir de Fridden, fir d’Ëmwelt, fir dat normaalt Zesummeliewen. Egal?! Wann herno d‘Keess stëmmt, ass dann alles an der Rei? Oder vläicht awer net? Et gëtt zwar behaapt, datt de Fric net géif glécklech maachen, mee et berouegt awer immens, wann een es huet.

An hirem neie Programm 2019/20 mécht sech de Cabaret Batter Séiss an Texter a Lidder Gedanken zum Thema Fric.

Mam: Rob Wagner, Liette Wiltgé, Vicky Wagner a Gérard Heinen.

L op Lëtzebuergesch

Den Entrée ass fräi mee d'Umeldung via dëse Formulaire ass obligatoresch!

Aktualiséiert