Summerdag vun der Literatur

am Park vum Literaturarchiv zu Miersch

Et ass nees esou wäit: D’Literaturarchiv zu Miersch feiert de Summer mat der Literatur – Auteure liesen aus hire neiste Publikatiounen an ënnerhalen sech mat Kritiker iwwert hir Texter – dat Ganzt am
agreabele Kader vum Park vum Servais-Haus.


Fir Iessen an Drénke suergen d’Food Riders. D’Librairie Ernster ass mat engem Bicherdësch fir Iech do.

Programm:

  • 11.00 Roland Harsch: Dat grousst Féissbuch (Editions Binsfeld)
    • 11.25 Gespréich mam Sascha Dahm
  • 11.45 Tom Reisen: Les Bulles (Hydre Editions)
    • 12.10 Gespréich mam Bea Kneip (RTL)
  • 12.30 Mëttespaus
  • 13.30 Claudine Muno: Sou wéi et net war (Op der Lay)
    • 13.55 Gespréich mam Valerija Berdi (Radio 100,7)
  • 14.15 Jean-Marc Lantz: Magnetosaurus Nostalgodon (capybarabooks)
    • 14.40 Gespréich mam Sascha Dahm
  • 15.00 Anouk Mahr: lautlos (Editions Binsfeld)
    • 15.25 Gespréich mam Nathalie Bender (Radio 100,7)
  • 15.45 Anja Di Bartolomeo: Nicht zu spät (Op der Lay)
    • 16.10 Gespréich mam Valerija Berdi (Radio 100,7)

 

Aktualiséiert