Exposition

De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck

D’Madame Minister Sam Tanson &
den Direkter vum Lëtzebuerger Literaturarchiv Claude D. Conter
lueden Iech an op de Vernissage vun der Ausstellung

De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck

De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck retracéiert d’Geschicht vun der bekanntester BD zu Lëtzebuerg. Wéi ass et zu der Zesummenaarbecht tëschent dem Zeenarist Lucien Czuga an dem Zeechner Roger Leiner komm? Wéi vill Lëtzebuerg stécht a Luxusbuerg? A wéi bréngt de Superjhemp et fäerdeg, mat Kachkéis d’Dynastie ze retten a Luxusbuerg zu engem vun de sécherste Länner vun der Welt ze maachen?

Besicht Luxusbuerg mat sengem pittoreske Patrimoine, sengen ominéise Banken a senge potzpuddelplakege Fraen. Poznennö!

D’Ausstellung ass op vum 5. Juni bis den 29. November 2019

Aktualiséiert