LOCHNESS – E Lëtzebuerger Auteursverlag an den 1970er Joren

Virtrag vum Fabienne Gilbertz, Liesung an Diskussioun mam Pol Greisch a Pierre Puth

 

 

 

Bis wäit an d’20. Joerhonnert eran ass de Lëtzebuerger Literaturbetrib just schwaach entwéckelt: Laang Zäit existéiere keng literaresch Verlager an d’Lëtzebuerger Auteuren hu wéineg Méiglechkeeten, hir Texter ze publizéieren a Kontakter ënnerteneen ze knäppen. Dat ännert sech awer vun den 1960er Joren un, wéi sech e Grupp vun Auteure ronderëm Initiative wéi d’Schrëfterei impuls, d’Zäitschrëft doppelpunkt, d’Liesungen an de Konsdrefer Scheieren oder am Café Beim Malou zesummendeet, fir déi eege Situatioun ze verbesseren an hir gesellschaftskritesch Texter engem Lëtzebuerger Public ze presentéieren. En éischten Héichpunkt vun dëser Zesummenaarbecht a Solidariséierung ass d’Grënnung vun engem kollektive Verlag: lochness – verlag luxemburger autoren.

 

An hirem Virtrag stellt d’Fabienne Gilbertz dësen Auteursverlag vir, deen et net méi wéi 3 Joer a 5 Publikatioune laang gouf, an erkläert, firwat lochness trotz dëser Kuerzliewegkeet wichteg fir d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Literatur war. Donieft kucken de Pol Greisch an de Pierre Puth – allebéid Grënnungsmembere vu lochness – zesummen zeréck op d’Aktivitéite vum Verlag a liesen Auszich aus de Publikatiounen.

Last update