Säit Joerzéngten huet d’Lauschterstéck eng wichteg Plaz an der Literatur- a Radiosgeschicht. Lëtzebuerger Auteure wéi de Roger Manderscheid, Félix Mersch, Frank Feitler, Jhemp Hoscheit, Guy Helminger, Charles Meder a Frédéric Zeimet hunn sech mat Erfolleg un dëser elektroakustescher Konschtform versicht. Literaresch Präisser wéi de Marcel Reuland-Präis oder den 100,7 Radio-Präis würdegen d‘Qualitéit vun de Lëtzebuerger Lauschterstécker.
Ass d’Lauschterstéck elo Literatur fir d’Ouer oder eng eegestänneg Konschtform? A wéi ënnerscheed sech d’Lauschterstéck vun denen anere literaresche Gattungen? A wat mécht d’Lauschterstéck esou populär?
Dësen a weideren Froen ginn d’Lauschterstéckauteure Charles Meder a Frédéric Zeimet esou wéi de Radioproduzent Claude Mangen no. Si ënnerhalen sech mam Pascal Seil, Conservateur am CNL.
An Zesummenaarbecht mam Radio 100,7.