Liesung

Listen all y’all, it’s a sabotage (Beastie Boys, “Sabotage”, Ill Communication)

De Jeff Schinker liest aus sengem Roman an ënnerhält sech mam Nico Helminger

Ee Buch, dat all puer Säiten tëschent dem Franséischen, dem Däitschen, dem Engleschen an dem Lëtzebuergeschen ofwiesselt, kënnt eigentlech engem kommerzielle Suicide gläich – wéi den Titel vum Wierk et jo selwer schonn opgräift. Sabotage beschreift awer och, wéi 16 Figuren – aus enger existenzieller Flemm, enger Onzefriddenheet géigeniwwer engem System, deen eis ëmmer méi zu Schaffmaschinne amplaz zu Loschtmaschinne mécht, aus Rebellioun, aus Verspilltheet oder well se sech selwer mat Hëllef vun Textschichten a Geschichten uléien – hir eegen oder d’Existenze vun deenen anere sabotéieren.

An engem Austausch mam Nico Helminger soll eng Luucht op all déi Froen, déi d’Lieserschaft a Kritiker zugläich beschäftegt hunn, geworf ginn: Wisou schreift een a véier Sproochen? Spigelt dat d’sproochlech Situatioun zu Lëtzebuerg? Ass et rengt Gebretz? Gëtt bewosst d’Komplexitéit kultivéiert? Oder huet effektiv vläicht all Figur seng Sprooch, an där si sech méi wuel fillt?

Wärend dem Gespréich wäert de Jeff Schinker och an deene véier Sproochen an aus deene véier Geschichten, déi Sabotage ausmaachen, virliesen – um Programm stinn eng ongewéinlech Team-Building-Seance, Märercher, déi op der ADEM verzielt ginn, eng Dartbox-Sendung, déi en Abléck an d’Schrëftstellertum gëtt an een Owend um Berliner Wannsee.

Aktualiséiert