De Schrëftsteller Yorick Schmit an de Gitarist Remo Cavallini huelen Iech mat ob eng literaresch a musikalesch Rees an de Minett.
A senge melancholesche Geschichte aus dem Erzielband »Der Geruch der Erde nach dem Regen« skizzéiert de Yorick Schmit d’Liewe vun Aussesäiter an Zeréckgeloossenen, déi versichen erëm ob d’Been ze kommen. Verloscht an Trauer awer och zweet Chancen an nei Ufäng stinn am Mëttelpunkt vun dësen Erzielungen, déi sech dacks virum Hannergrond vun enger raschteg-rouder Minettslandschaft ofspillen.
Encadréiert vum Remo Cavallini sengem expressive Blues entsteet esou en stëmmungsvollen Dialog tëschent Musek a Literatur.