Kabarettistesch Liesung

"Märd alors!!!" – eng bësseg Chronik –

2018 ënner d'satiresch Lupp geholl

Text: Jhemp Hoscheit
mam Jules Arpetti a Jhemp Hoscheit

Wéi scho mam ‹Sorry fir deen Duercherneen‹' – e satiresche Réckbléck op d'Joer 2016 –, mat deem de Jules Arpetti an de Jhemp Hoscheit 2017 op Tournée waren, trieden déi zwee Artisten nees 2019 uechter d'Land op: mam neie satiresche Réckbléck op d'Joer 2018, ënnert dem Titel: ›Märd alors!!!‹.
Et ass eng ofwiesslungsräich kabarettistesch Liesung iwwert dat, wat 2018 geschitt ass. Dat vergaangent Joer gëtt ënner d'satiresch Lupp geholl. Den Auteur Jhemp Hoscheit huet eng bësseg Chronik geschriwwen, an där déi national an international Aktualitéit mat Humor an Ironie, kritesch a wuertwitzeg ënner d'Lupp geholl gëtt. Hien trëtt am Wiesselspill an am Dialog mam Museker a Gitarrist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat Politsongen fir déi zousätzlech musikalesch Pointë suergt.

Aktualiséiert