Liesung

Wootleche Krich

Virstellung vum Jhemp Hoscheit sengem neie Roman

Mir sinn am Joer 1965, d'Zäit vum Kale Krich, iwwerall geet rieds vun der Rouder Gefor. Eng Clique Jugendlecher mécht sech an hirem Quartier op d'Sich nom Roude Jojo, enger Persoun, déi eng Gefor fir e klengt Meedchen duerstellt. E puer Massendénger musse sech virun enger Persoun, déi dem Herrgott dénge soll, an Uecht huelen. An da ginn och nach Dreebréiwer verschéckt. E Schoulmeeschter plot wéinst engem geheimen Optrag dat schlecht Gewëssen. Eng Mamm beschäftegt sech mam Absurden – an e Geheimagent lauschtert Telefonsgespréicher mat.

          Zu Esch schéngt e grousst Sichen ausgebrach ze sinn: nom Gléck, no der Wourecht …

 

          De Jhemp Hoscheit verbënnt eegen Erfahrunge mat fiktionalen Elementer a schaaft esou eng Atmosphär, déi Hiresgläiche sicht. Den Zäitgeescht aus de siechzeger Joren ass wéi eng Momentopnam agefaangen an den Auteur erzielt, ganz no bei senge Personnagen, wéi d'Liewen an d'Mentalitéit an der Minettsgéigend deemools waren, an dat am Kontext vu gewerkschaftlechen a politesche Spannungen.

An dësem Gesellschaftsroman gi verschidden Erzielsträng aneneen iwwer, verbanne sech zu enger komplexer Geschicht a ginn zum Schluss lues a lues entschlësselt.

 


Den Auteur:

 

De Jhemp Hoscheit, Joergang 1951, ass Papp vun zwee Kanner an huet bis haut iwwer 25 Bicher publizéiert.

Dorënner eng Romantrilogie, déi aus Aacht Deeg an der Woch (2006), Wootleche Krich (2018) a Perl oder Pica (Editions Schortgen, 1998) besteet an déi elo, mat dëser neier Publikatioun ofgeschloss ass. Den éischte Band vun der Trilogie gouf 2006 mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent a fir deen drëtte krut den Auteur 1999 de Servais-Präis, ausserdeem gouf en 2005 vum Pol Cruchten verfilmt.

Och 2018 bei den Editions Guy Binsfeld erauskomm ass De Schmunzel, dem Jhemp Hoscheit säin zwieleft Kannerbuch, mat Illustratioune vum Carlo Schneider.

Aktualiséiert