Lecture / Lesung

D’Lëtzebuerger ‘68er – 50 Joer dono

Mam Jean Back a Lucien Blau

Liesung aus de Bicher „Amateur“ (Jean Back) a „Mat der Döschewo bei de Mao Tse-Tung“ (Lucien Blau)  mat uschléissender Diskussioun mat den Auteuren organiséiert am Kader vun der Verëffentlechung  vun „E Buch am Zuch 2018“

 Déi sougenannten 1968er Beweegung war en internationalt Phänomen. D’Wellen vum Mee 1968 hu Lëtzebuerg eréischt méi spéit erreecht. Wéi gouf dës Zäit heizuland erlieft a wat sinn d’Nowierkungen dovunner haut – an der Gesellschaft, an der Politik  oder an der Kultur?

 Den Zentrum fir politesch Bildung gräift d’Thema am Kader vun de Walfer Gespréicher op. No enger Liesung mam Jean Back a Lucien Blau diskutéiere mir an enger gemittlecher Ronn iwwer dës Froen. D’Extraiten, déi virgelies ginn, sinn aus E Buch am Zuch 2018, dat dëst Joer ënner dem Thema Politik steet.

ASCHREIWUNG: info@zpb.lu - Tél. : 247-75271

Dernière mise à jour