Dëst Land, dës Gesellschaft op een Nenner, op ee Wuert bréngen – dat probéieren déi zwee Auteure vun dësem Owend jeeweils op hir Manéier:
De Guy Rewenig skizzéiert a sengem Erzielband Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer rennsd’Ignoranz, d’Idiotie an d’Ironie, déi an eisem Alldag laueren.
An de Samuel Hamen léisst a sengem Debut V wéi vreckt, w wéi Vitess säi Protagonist duerch d’Stad tierkelen an an d’Therapie goen, ouni hien op déi richteg Bunn ze setzen.
Béid Gäscht wäerten aus hiren neie Wierker virliesen, sech géigesäiteg Froe stellen a sech heiansdo (hoffentlech) net eens ginn.