Dëse 14. Januar wier ee vun de villsäitegste Lëtzebuerger Auteuren 80 Joer al ginn. De Josy Braun, deen den 3. August 2012 am Alter vu 74 Joer gestuerwen ass, huet e räicht Wierk hannerlooss: Romaner, Kannerbicher, Theaterstécker, Cabaretstexter, Gedichter, Héierspiller ... Seng Handschrëft a seng Fieder bleiwe lieweg a senge ville Publikatiounen, a sengem Engagement fir d'Lëtzebuerger Sprooch an a senger minutiéiser Recherche-Aarbecht.
Armagnac-BommenteppechUn Hand vun Extraiten aus senge Wierker ënnerhale sech d'Christiane Kremer, de Claude Mangen an de Jay Schiltz iwwer de Schrëftsteller a Linguist, den Theaterauteur an Acteur, de Journalist a Kabarettist bei engem literareschen Apero am Pavillon "Am Brill" zu Mamer e Sonndeg, de 14. Januar 2018 um 10.30 Auer. Den Entrée ass fräi.
Fir dëse besonnesche Gebuertsdag ze feieren, proposéiert de Verlag Kremart Edition de Roman "Bommenteppech" iwwert d'Bommeleeër-Affär (Neioplo 2014) an de posthume Krimi "Armagnac" (2013) zesumme fir nëmme 25 Euro (amplaz vu 50). Dem Josy Braun seng Fra Josée Klincker proposéiert hirersäits zu Mamer e sëlleche Bicher vum Auteur mat Remisen.