Alles huet seng Zäit. Eng Zäit fir ze schaffen. Eng Zäit fir ze feieren. Dir sidd häerzlech invitéiert, e Mëttwoch, de 14 Oktober 2015 um um 19.30 Auer mat ons 20 Joer Centre national de littérature an der Maison Servais zu Miersch ze feieren
Säit 20 Joer liewen an erliewen mir mat Iech d’Literatur. Fir den 20. Gebuertsdag wëlle mir mat Iech en présence vun der Kulturministerin Maggy Nagel de Vernissage vun der Ausstellung Korrekturspuren. Traces de correction – Textmetamorphosen. Textes en métamorphoses feieren a, wéi gewinnt, beim Patt a bei Schneeckegkeete mat Iech eng flott Zäit verbréngen. Mir freeën ons op Är Visite!