De Prix Servais 2015 geet un de Roland Meyer fir säi Roman „Roughmix“ (Op der Lay 2014).
De Jury lueft „en aktuellen, spannenden an amüsante Roman, deem seng ongenéiert Tonalitéit a bewosst fragmentéiert Form de Lieser iwwerraschen“.
Mam Prix Servais, dee mat 6.000 Euro dotéiert ass, gëtt all Joer dat bedeitendst literarescht Wierk ausgezeechent.
De Roland Meyer liest aus sengem Wierk a schwätz iwwert säi Roman. Dono verzielt de Romain Sahr eis vu „Roughmix“. An et spillen Just Friends mam Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen.