Exposition/Ausstellung

Imaginer Servais

Preisgekrönte Literatur erleben

Zënter 30 Joer zeechent d’Fondation Servais all Joer dat beschte Buch vum Virjoer mam Prix Servais aus. Vum Roger Manderscheid sengem Roman de papagei um käschtebam bis zum Ulrike Bail sengem Lyrikband wie viele faden tief goufen 30 aussergewéinlech Bicher priméiert.

Fir d‘Ausstellung Imaginer Servais huet d’Équipe vum CNL, zesumme mat der Fotografin Véronique Kolber an den Tounkënschtler Martin Engler, Paul Ford a Luka Tonnar, 30 Manéiere fonnt, dës Bicher zu engem klengen audiovisuellen Erliefnis ze maachen.

Wann ech e Buch liesen, da schwiewe mir honnerte vu Biller virun Aen. Schonn ëmmer.

Ee Wuert geet da schonn duer, fir eng Lawin aus Biller auszeléisen. Meeschtens verschwannen ech dann an där Billerwelt, meng Gedanke schwäifen of an ech hunn de Fuedem verluer, muss déi puer läscht Sätz oder souguer Säiten nach eng Kéier liesen.

Fir dëse Projet hunn ech mir genee dëse „Problem“ zu eege gemaach.

Ech hu mech einfach vu menge Gedanke féiere gelooss a sinn ënnergetaucht a meng eege Billerwelt. Den Zoufall huet heibäi eng elementar Roll gespillt, fir dass meng Fotoen net zu enger renger Illustratioun vun de Bicher gi sinn, mee ganz organesch aus mengen Archiven opgetaucht sinn. Niewent den existéierende Fotoen, sinn och nei Biller entstanen, déi sou d’Vergaangenheet mat der Géigewaart verknäppt hunn.

Sou hunn ech meng fotografesch Aarbechten, vun deene leschte 25 Joer, verschmëlze gelooss mat de Gedanke vun de Schrëftsteller, mat der Poesie, der Realitéit an der Fiktioun vun 30 wonnerbare Bicher.

Véronique Kolber

Vernissage: Mëttwochs den 30. Mäerz 2022 um 19:30 Auer

D'Ausstellung ass op vum 31. Mäerz 2022 un, vu Méindes bis Freides a vu 9 bis 17 Auer.

Den Entrée ass fräi.

Aktualiséiert