Objet du mois, juin 2026

« Ronnen Himmel an eckeg Welt »

Aufsätz aus China

1999 ass e Buch a véier zweesproochege Versiounen zu Lëtzebuerg erauskomm: jeeweils mat lëtzebuergescher, däitscher, franséischer oder englescher Iwwersetzung. D’Originalsprooch ass, éischter ongewéinlech fir e Lëtzebuerger Schrëftsteller, Chineesesch. Den Titel vum Buch 天圆地方 (Tiān yuán dì fāngDen Himmel ass ronn an dʼÄerd ass eckeg) spillt op d’Iddi vun enger harmonescher Balance an der Welt un.

 

Den Auteur ass den Ingenieur Michel Hamilius, deen no enger respektabler mä onspektakulärer Carrière – hie war Chef de service vum Walzwierk zu Belval, éit en 1973 an d’Zentralverwaltung vun der ARBED gewiesselt ass – a senger Pensioun en Intérêt fir déi chineesesch Kultur entwéckelt huet. An den 1990er Joren ass hien aacht Mol jeeweils e puer Méint an déi chineesesch Haaptstad gereest, fir um Institut de langues vu Beijing d’Landessprooch ze studéieren. An de Couren huet hie kuerz Aufsätz verfaasst, a 44 vun dësen Texter huet en 1999 als Buch erausbruecht. Et ass een interessant Zäitdokument mat zousätzlech 18 Säite Fotoen, déi den Hamilius wärend sengen Openthalter zu Beijing gemaach huet.

 

Trotz engem naturgeméiss nach beschränkte Vocabulaire weess den Hamilius seng Texter interessant ze gestalten, mat deelweis witzege Pointen, sou z. B. E lidderege Student, iwwert eng Schoulklass, déi en Aufsatz zum Thema ›Telefonsgespréich mat der Famill‹ schreiwe soll (Nr 42): »Eng Äntwert hat nëmmen ee kuerze Saz […]: ›Ech konnt net heem telefonéieren, well meng Elteren an och hiren Noper hu keen Telefon. ʼt deet mer leed.‹«

 

Den Hamilius erweist sech a sengen Texter méi wéi emol als gudde Kulturambassadeur fir säin Heemechtsland. Nieft ale Lëtzebuerger Baureweisheeten iwwersetzt hien z. B. esou buedemstänneg Ausdréck wéi ›mat der Heibleifskärche fueren‹ (Nr 9) getreilech ob Chineesesch als 呆在家里的马车 (dāi zài jiālǐ de mǎchē). E mécht seng chineesesch Proffen och mat Lëtzebuerger Folklore bekannt, z. B. an Eng lëtzebuergesch Seechen, wou d’Wiichtel fir e klengt Meedchen d’Wunneng botzen, éit seng Mamm heemkéint.

 

An Zéng Prozent Rabatt (Nr 23) mécht den Erzieler »aus Langweil« eng Visite am Himmel, a probéiert schonn emol d’Zëmmeren an d’Vollpensioun aus. Nieft chineeseschen Jiaozi a Pekingiint gëtt et an der Himmelskantinn och Eeërtriwwel an zeguer Kachkéis, fir dat den Hamilius en neit Wuert schaaft, dat a chineeseschen Online-Dictionnairen nach net optaucht. 煮奶酪 (zhǔ nǎilào), bedeit wuertwiertlech ›gekachte Kéis‹. Éit en den Himmel verléisst, seet den Hamilius keck zum Péitruss, e soll hien eréischt mat 120 Joer ruffen. De Péitruss fënnt, hie wier schéi frech. Si eenege sech zu gudder Lescht ob »10% Rabatt«, an den Hamilius ass mat engem Doudesalter vun 108 Joer d’accord.

 

Eng Rei Texter behandelen Identitéitsfroen, iwwer déi den Auteur villäicht nogeduecht huet, well en no senge laange China-Openthalter an deenen zwee Kulturen heemesch ginn ass, an doduerch villäicht e bësschen tëschen de Still sutz. De surrealisteschen Text Mäi beschte Frënd (Nr 4) erzielt vun engem Goldfësch, dee mat engem Mënsch zesummewunnt an ëmmer méi mënschlech gëtt, e kënnt aus dem Waasser a geet zeguer spadséiere. Mä »enges Daags ass e vun der Bréck gefall. ʼt woar wierklech schued fir en, well hie konnt net méi schwammen; hien ass erdronk.«

 

E Problem (Nr 29) beschreift e Mann dee mengt, e wier en Hung, hien fäert d’Leit an d’Hënn. No e puer Woche Sanatorium ass e geheelt, mä wéi en entlooss gëtt, huet en awer nach Angscht: »Ech si keen Hung, ech weess dat. Awer déi dobaussen op der Strooss, wëssen déi et?«

 

Sandra Schmit

Dernière mise à jour