Mam Gedicht „E’schte Januar“ huet de Jeanpierre Helminger am éischte Lëtzebuerger Sonndesblad vun 1971 dat néit Joer begréisst. Hien schéngt wéineg enthusiastesch iwwert de Joresufank ze sinn an erënnert an deenen éischte sechs Zeilen dorunner, datt och d’Joer 1970 „mat Schwonk a voller Stëmm” begréisst gouf an awer näischt weider bruecht huet ewéi „Ploerei a Suergen” an heiansdo eng „Grimmel Freed”. Hien huet keng besonnesch Erwaardungen un dat neit Joer a resignéiert, datt et wuel esou wäert verlafen, ewéi all déi Jore virdrun, mat dem eenzegen Ënnerscheed, datt mir all méi al ginn. Déi eenzeg Fro, déi fir hie schéngt ze zielen, ass déi vum Moment vum eegenen Doud. Schonn den Ufank vum Gedicht – een eenzegt Wuert als éischte Saz – markéiert eng Realitéit a gläichzäiteg och eng Finalitéit a verbënnt esou den Ufank vum Gedicht mat sengem Schluss an der Fro nom Zäitpunkt vum eegenen Doud.
De Jeanpierre Helminger – och heiansdo Jean-Pierre geschriwwen a Jemp oder Jhemp genannt – gouf den 22ten Januar 1909 zu Riedgen gebuer, hat eng Formatioun als Schoulmeeschter, mee huet virun allem als Zeechner, Fotograph, Journalist a Schrëftsteller geschafft. Seng Gedichter sinn an der Zäitschrëft Eis Sprooch, an der Warte, am Lëtzebuerger Sonndesblad an am Bauerekalenner erauskomm oder sinn als Manuskripter erhale bliwwen. Si reien sech an d’Traditioun vun der Naturlyrik an der Geleeënheetsdichtung an, an dat eent oder anert Liebesgedicht ass och dobäi. D’Gedicht zum „E’schte Januar“ 1971 ass am Lëtzebuerger Sonndesblad erauskoum, wou de Jeanpierre Helminger 15 Joer laang all Woch ee Gedicht mat enger Zeechnung verëffentlecht huet. Dës Gedichter haten ee froue Charakter a waren geduecht fir „vläicht Freed [ze] maachen“, ewéi sech d’Mataarbechter vum Lëtzebuerger Sonndesblad a sengem Noruff erënneren (Lëtzebuerger Sonndesblad vum 5. August 1984, Nr. 31).
Ëmsou méi erstaunt d’Resignatioun an de Pessimismus, deen an dësem Gedicht zum Ausdrock kënnt. D’Gedichter aus de 60er Jore sinn duerchaus méi optimistesch, och wann een a munch engem Gedicht aus där Zäit d’Motiver vum Carpe-Diem, Vanitas a Memento-Mori och scho fënnt. Dës Motiver sinn net nei an tauchen am Laf vun der Literaturgeschicht ëmmer erëm op, zum Beispill an der däitscher Barocklyrik, an et ass vläicht dem Jemp Helminger säin Traditiounsbewosstsinn, dat en dozou bruecht huet, dës Motiver a senge Gedichter opzegräifen.
De Jeanpierre Helminger wor och ee begeeschterten Zeechner, dee virun allem mat Kuel, Tënt, Tusch an Aquarellfaarwen geschafft huet. Senge Gedichter am Lëtzebuerger Sonndesblad huet en ëmmer eng Zeechnung bäigeluecht, an dësem Fall eng Tuschzeechnung vun enger Sandauer. D’Sandauer ass e bekannte Symbol fir de Vanitas-Gedanken, datt eist Liewen kuerz a flüchteg ass, an d’Motiver vum Carpe-Diem a Memento-Mori, déi een och heefech an der Konscht fënnt, heiansdo zesummen mat engem Doudekapp oder Skelett. Esouwéi de Sand an der Auer, verrënnt och eis Liewenszäit. Si ka net ugehale ginn an et kann een dem Enn vu senger Zäit, sengem Doud, net entkommen. D’Sandauer soll d’Leit drun erënneren, datt d’Zäit vergeet an hiert Liewen endlech ass.
A formeller Hisiicht, ass d’Gedicht „E’schte Januar“ an Trochäen geschriwwen, mat fënnef Hiewungen pro Zeil. D’Verse reimen sech ofwiesselnd an d’Versennen sinn ofwiesselnd betount an onbetount. Dës Op-an-Of-Bewegung gëtt dem Gedicht ee reegelméissegen, virundreiwende Rhythmus an ënnersträicht de Gedanke vun der Zäit, déi vergeet, an de Joren, déi sech, eent wéi dat anert, widderhuelen. D’Froenzeechen um Enn vum leschte Vers betount d’Ongewëssheet iwwer den Zäitpunkt vun engem sengen eegenen Doud a ka vläicht och als Invitatioun un de Lieser verstane ginn, dat kommend Joer ze genéissen a vun der Zäit, déi him nach bleift, ze profitéieren.
Andrée Wietor