
Déi bescht Iddie kommen engem Schrëftsteller meeschtens ënnerwee. Haut schreift oder schwätzt ee seng Gedanken an den Handy, bis virun e puer Joerzéngte waren en Dictaphon oder eng Rees-Schreifmaschinn den Nec plus ultra ‒ den Nik Weber z. B. huet dem Literaturarchiv seng portabel Triumph vermaach (OBJ-013) a vum Georges Hausemer krute mer seng alleréischt Olympia an enger schwaarzer Mallette (OBJ-009). Donieft weisen eng ganz Rei rezent Auteursfongen aus dem CNL, dass Notizhefter och haut net aus der Moud kommen. Mä fir Notizen ze huele brauch een och e Bic, e Bläistëft oder ähnleches.
De bekannten Operetteschrëftsteller Edmond de la Fontaine, besser bekannt als Dicks, hat aus dësem Grond ëmmer e praktesche Schreifset bei sech: E schwaarzt Tëntefaass mat engem gréngen Deckel an dräi einfache Laschetten, fir d’Fiederen ze halen, dat Ganzt kompakt verpaakt an engem 12 cm laange bronge Liedersetui. Dëse Schreifset fir op der Rees huet de Lëtzebuerger Literaturarchiv 2009 beim Antiquaire Armand Wagner kaaft, deen et sengersäits vun der Famill Dennewald-Pescatore krut. E puer Méint méi spéit ass den Objet am Kader vun der Ausstellung Dicks. Ech sinn e groussen Hexemeeschter déi éischte Kéier am Servais-Haus zu Miersch gewise ginn. Am Moment ass en an der Ausstellung erageluusst am CNL ze gesinn.
Am Géigesaz zum Méchel Lentz, dem zweete groussen Numm vun der Lëtzebuerger Literatur am 19. Joerhonnert (no deem d’Leit an der Stad hir Auer stelle konnten, wann hie vun der Ënneschtgaass op seng Aarbecht an d’Chambre des comptes gaangen ass) war den Edmond de la Fontaine éischter fir säin turbulente Liewenslaf bekannt. Scho mat 13 Joer ass hien heemlech vun doheem fortgelaf, fir seng Grousselteren um Schlass zu Stadbriedemes besichen ze goen. Déi lescht dräi Kilometer vun der Postkutsch-Haltestell zu Bous ass hien zu Fouss gelaf. (Goetzinger, G. et al: Dicks. Ausstellungskatalog 2009, S. 25) No engem Droits-Studium zu Léck an Heidelberg huet hie säi Gléck noeneen als Besëtzer vun enger Wiewerei an als Wënzer probéiert. Hien huet an der Stad, zu Réimech, um Schlass zu Stadbriedemes a schliisslech zu Veiane gewunnt, wou hien, fir säi Liewensënnerhalt ze verdéngen, 1880 eng Plaz als Friddensriichter ugeholl huet.
Seng richteg Léift awer huet liewenslaang der Lëtzebuerger Kulturgeschicht an der Literatur gegëllt. Dem Dicks seng populär Theaterstécker hunn dem Stater Turnveräin Gym zu landeswäiter Bekanntheet verhollef, an d’Lidder aus den Operetten, wéi z. B. D’Pierle vum Da, Ech sinn e groussen Hexemeeschter an Et wor emol e Kanonéier, sinn nach haut, iwwer honnertdrësseg Joer no sengem Doud 1891, ville Lëtzebuerger e Begrëff. En idealt Beispill ass e Lidd aus dem Kaméidistéck De Scholdschäin vun 1856. An dësem Stéck, dat en deemoolege Kritiker an der Trier’sche Zeitung als „gemüthlich, ächt luxemburgisch, ohne trivial zu sein“ beschreift (Dicks 2009, S. 133), séngt de Schaaschtechbotzer Néckel zesumme mat senger Freiesch Maréi: Gëff mer eng Bees, gëff mer eng Bees, gëff mer eng Bees fir mat op d’Rees!
Domat ass de Bou gemaach, zréck zum Rees-Schreifset, eisem Objet du mois vum August 2025. Den CNL wënscht all senge Lieser schéi Summerdeeg doheem, oder awer eng flott an inspiréierend Rees.
Sandra Schmit
Illustratioun :
Rees-Schreifset mat integréiertem Tëntefaass. Bestand Edmond de la Fontaine, L-051; III.3-8.