Objet du mois, mars 2025

En Duerfplang vu Rëmmerech, gezeechent vum Emil Schaus

Den 12. Februar 1903 ass zu Rëmmerech am Weste vu Lëtzebuerg den Emil Schaus op dʼWelt komm. Hien huet sech virun allem als CSV-Politiker, Unterrichts- a Familljeminister en Numm gemaach, mä doriwwer eraus huet en awer och eng ganz Rei Romaner a Kuerzgeschichte geschriwwen, an deenen hie seng Kandheet am Préizerdaul, dʼKrichsjoren am KZ, an den ekonomeschen a sozialen Neiopbau nom Krich verschafft huet. Zanter den 1970er Joren huet e sech intensiv mat der Geschicht vu senger Heemechtsgemeng beschäftegt. Sou kënnt 1980 an der Serie Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde vum Institut Grand-Ducal, Section linguistique, de folklore et de toponomie säi Band Rëmmerecher Duerftypen eraus.

 

Doranner beschreift hien dʼLiewen an de Charakter vu Leit, déi ëm 1900 zu Rëmmerech gewunnt hunn an déi hien als Jong kannt huet. Al Fotoen, Daten, Hausnimm an Anekdote molen e Panorama vum virindustriellen Duerfliewen zu Lëtzebuerg. Sou erzielt de Schaus, wéi de Koschtermisch an der Ouschterwoch vun Haus zu Haus gaang ass an als Loun fir seng Aarbecht Ouschtereeër krut. Dem Schaus seng Mamm huet dem Koschter och eng selwer gemaachen Drëpp ugebueden, »eng séiss Drëppchen, op Orângeschiele geziilt«. De Kierchemann huet fir dʼéischt ofgewiert, mä eng kleng Bierendrëpp, »nëmmen ä Fangerhutt voll« huet en awer alt acceptéiert. Da gouf et do nach dat streideregt Pischéngel an de Gaardepéiter, deen och emol heesche gaang ass, wann de Loun net duer gaang ass, fir sechs Kanner erduerch ze bréngen; de fläissegen an erfollegräiche Bauer Schréngesch Tunn an den Daxen Hännes, deen als leschte Schwéngshiert vu Rëmmerech mat sengem Hond Petit op dʼSchwäin opgepasst huet. Dass dʼBuch am westlëtzebuerger Dialekt aus där Géigend geschriwwen ass dréit weiderhin zum Lokalkolorit an zu sengem Wäert als Zäitdokument bäi.

 

Am Fong Emil Schaus leien eng ganz Rei Dokumenter déi dʼEntstéiungsgeschicht vun de Rëmmerecher Duerftypen weisen. Dat sinn zunächst eng Sëllech Notizen, déi den Auteur bei senge Recherche gemaach huet. E Manuskript vu ronn 163 Säiten, datéiert op den Dezember 1978, dréit den Titel Rëmmerecher Chronik. Nieft dem Text, deen 1983 ënnert diem Titel verëffentlecht ginn ass, fanne mer an dësem éischten Entworf och Gedichter, déi et net an dʼBuch gepackt hunn, an en Unhang mat Anekdoten. Dës Anekdoten si spéiderhin als Rëmmerecher Duerftypen separat publizéiert ginn. Villäicht huet de Schaus fonnt, dass dʼChronik ze laang geng ginn, oder villäicht wollt hien dësen Deel scho mol als klengen Teaser erausbréngen ‒ op alle Fall leien dʼDuerftypen e puer Méint méi spéit separat als zwou getippte Versioune mat handschrëftleche Verbesserunge vir.

 

Zu de Virbereedunge gehéieren och Fotoen, en Themen-Index, eng Awunnerlëscht, e Recensement an dräi handgezeechent Duerfpläng, vun deenen der een hei gesitt. DʼPläng si vum Auteur selwer mat Léift zum Detail erstallt ginn. Bei zwee Pläng vun 1978 sinn dʼFlouernimm op der Rëmmerecher Gewan vermierkt, woubäi dʼHaiser tëscht der Rochus-Kapell am Norden an der Géigend Op der Raink (haut: Op der Renk) am Süde mam Bläistëft agezeechent sinn. Den drëtte Plang beschreift dësen Deel méi am Detail, de Schaus notéiert all Stot, deen et 1910 zu Rëmmerech ginn ass, hien zeechent dʼFeldweeër grad esou gutt an ewéi dʼHaaptstrooss.

 

 

Duerfplang vu Rëmmerech. Fong Emil Schaus, L-357 ; I.4.1 (5).

 

Chronik an dʼDuerftypen sinn net déi eenzeg Publikatioune vum Schaus iwwert Rëmmerech. En Aufsatz iwwert de Préizerdauler Dialekt, eng Artikelrei Pratzertal und Pratzertaler in zwei Weltkriegen an der Hémecht an dʼFamilljebiografie Die Straus, eine Dynastie von Uhrmachern, ronnen dem Auteur seng Aarbecht zu dësem Thema of.

 

Sandra Schmit

Dernière mise à jour