Objet du mois, septembre 2022

»De Mëttelpunkt vum Universum«

Dem CNL seng nei Ausstellungskabinnen

Bei der neier Ausstellung am CNL steet de Visiteur net wéi soss virun enger Rei vu Vitrinnen mat Objeten a schrëftlechen Erklärungen, mä quasi matzen dran. Drësseg geheimnisvoll Kabinne lueden op eng Entdeckungsrees an. Wat sech dohannert wuel verstoppt? An der Receptioun kritt een e Kopfhörer, an da geet et lass. Als éischt zitt een e wäisse Virhang op dʼSäit; en ass aus Tyvek, engem elastesche, pobeierähnleche Vliesstoff, deen och schonn anerwäiteg am CNL zum Asaz koum, zum Beispill fir eis ikonesch Sëtzgeleeënheeten a Form vun engem Buch.

 

Thema vun der Ausstellung ass de Prix Servais, e Lëtzebuerger Literaturpräis, mat deem zanter 1992 dʼBuch vum Joer ausgezeechent gëtt. Et geet awer net drëm, an 90 Sekonnen e ganzt Buch erklärt ze kréien, quasi als ultra-kondenséiert Klett Lesehilfe, oder Dossier pédagogique aus dem CNL! Et soll am Géigendeel eng entspaant Mëschung sinn aus schrëftstellerescher Inspiratioun, literaturwëssenschaftlecher Ureegung, auditivem Input an dem visuellen Impuls, deen dʼFotografin Véronique Kolber mat enger Foto setzt. De Visiteur taucht an eng Welt aus Musek, Téin a Stëmmen an, de Bléck mol op e risege Käfer geriicht, mol ass ee bei enger Fra an hirer Kichen zu Gaascht.

 

»Lëtzebuerg ass net de Mëttelpunkt vum Universum« héiert een aus dem Kopfhörer am Roland Meyer sengem Roughmix (2015), mä an all Kabinn steet dem Auteur säin Universum fir e kuerze Moment ganz am Mëttelpunkt. Sou begréisst eis am Nico Helminger senger Kuerzer Chronik vum Menn Malkowitsch (2018) e genësserlecht Mmmmalkowitsch, wéi en »orale Sexualakt«. E puer Minutte sëtze mer mam Menn, dësem verzweiwelte »Verréckten, deen sech Froe stellt« wa Saachen net logesch klengen, op enger Achterbahn vun Emotiounen. Zum Schluss fënnt hien – grad wéi dem Voltaire säi Candide – Trouscht am Landhaus bei senger Klarinett, an e freet sech iwwert e klenge Jong, deen »mat zwou Hänn déi ganz Landschaft aus Musek wëllt afänken. « De Visiteur zitt de Kabel vum Kopfhörer aus dem Stecker a stéisst liicht géint dʼHolzgerüst. Onsanft kënnt een erëm zréck op Miersch an eis scheinbar Realitéit.

 

An der Kabinn fir Königsberg (1995) gëtt et just e Schëld mat der Opfuerderung: »siehe unten«. Interessant visuell Komponent, et passt op dʼBuch, dat net wéi déi aner 29 Präisdréier e Literaturwierk ass, mä e wëssenschaftleche Band iwwert eng Rei däitsch Philosophen. »siehe unten« verweist wuel op déi vill Foussnouten am Buch. Oder soll ee wierklech »no ënne« kucken? Do ass en Tirang, e léisst sech opmaachen, an da gëtt et, wéi bei enger Schnitzeljuegd, als Belounung awer nach e Bild: eng Groussopnahm vun ale Manuskripter.

Och beim Ulrike Bail sengem wie viele faden tief (2021) ass de Bezuch zum Buch onmëttelbar, an en plus, wuertwiertlech, e Bezuch: dʼFoto ass op en Duch gedréckt, mat e puer dra gebitzte Fiedem. »Vieles ist ja doch sehr subjektiv, spielen mit den Metaphern.«

 

DʼKabinn vum Gilles Ortlieb ass ebenfalls speziell. E Stänner mat Postkaarten vu verloossenen Uertschaften aus der Minett. »Souviens-toi que tu es poussière« ... Hettange, Hagondange, Volmerange ... eben Le Tombeau des Anges (2012). Beim Nora Wagener senge Larven (2017) dann eng eidel Vitrinn. Oder muss ee villäicht dem Guy Rewenig – deen 2010 als Tania Naskandy déi onausgeschwate Reegel, dass all Auteur just eemol de Servaispräis kritt, gebrach huet – säi Rot behäerzegen? A senger Kabinn heescht et nämlech, et soll een heiansdo »och mol no uewen kucken«.

 

Sandra Schmit

 

Illustratioun: Ausstellungskabinn Nico Helminger: Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch (2018). Imaginer Servais. Ausstellung am CNL. 31.03.2022 - 30.03.2023. Fotograf: Sandra Schmit.

 

 

Aktualiséiert