Objet du mois, mars 2021

Den Nic Weber, d’Liliane Welch an e Lunch zu Éiere vum Edmond Dune

Eng Postkaart aus Kanada kritt ee wierklech net all Dag. Ausser et ass een den Nic Weber: Dee krut der eng jett vum Liliane Welch. All déi Dokumenter sinn haut Deel vum Fong Nic Weber, mat der Signatur CNL L-395, deen d’Famill dem Literaturarchiv 2017 geschenkt huet. Iwwregens ass dat den zweetgréisste Fong am CNL no der Sammlung vum Roger Leiner: An 130 Archivkëschte si Wierker, Korrespondenzen, Liewensdokumenter a soss Interessantes stockéiert.

Eleng d’Korrespondenz, déi den Nic Weber (1926-2013) tëschent Mëtt der 1940er Joren bis zu sengem Doud 2013 akribesch gesammelt huet, zielt 3.129 Bréiwer, Kaarten, Gedichter, Enveloppen, Notizzen etc. vun 1.287 verschiddene Korrespondenzpartner. Hei geet et ëm Literatur, Publikatiounswiesen, Beruffleches, Politik oder einfach nëmmen ëm Privates. Déi Dokumenter si faszinant zäitgeschichtlech Temoignagen: Et fënnt ee Schrëfte vu bekannten Auteuren, Journalisten, Politiker oder aner notabel Perséinlechkeeten, mee och Schreiwes vu pensionéierte Schoulmeeschteren, Hausfraen an Demanden vu jonke Meedercher, déi bei Radio Lëtzebuerg als Speakerinne wëlle schaffen.

Eng vun den äifregste Bréifschreiwerinnen war déi lëtzebuergesch Schrëftstellerin Liliane Welch (1937-2010). D’Liliane Welch, gebuere Meyer, war mat hirem Mann, dem Amerikaner Cyril Welch, a Kanada ausgewandert. Op der Mount Allison University zu Sackville an der Provënz New Brunswick huet si als Dozentin fir franséisch Literatur geschafft. Si huet och fir kanadesch Anthologien an Zäitschrëfte geschriwwen a war Mataarbechterin vun de Cahiers luxembourgeois. Iwwer déi Zäitschrëft ass och hir Zesummenaarbecht mam Nic Weber entstanen: Hien hat verschidden Texter vun hir vum Engleschen an d’Däitscht iwwersat. Well d’Liliane Welch an hire Mann dacks d’Summerméint zu Lëtzebuerg  verbruecht hunn, sinn déi zwou Familljen gutt Frënn ginn.

An hirem éischte Bréif un den Nic Weber vum 25. August 1988, kuerz nodeems si him an der Vakanz zu Lëtzebuerg begéint war, stellt si fest, datt si quasi op enger Wellelängt géinge schwammen. Si hätt et net fir méiglech gehalen, datt een e Mënsch kéint begéinen »who writes and speaks with one’s own breath and rhythms«, wéi si schreift. Achtzeg weider Bréiwer, Kaarten, Gedichter oder Notten sollte bis 2007 nach dobäi kommen.

D’Liliane Welch war och eng grouss Bewonnerin vum Edmond Dune an sengem Wierk. Seng Poèmes en prose (1973), op déi si op der Postkaart, déi hei am Mëttelpunkt steet, uspillt, stounge reegelméisseg um Programm vun hire Coursen. Op dëser Kaart vum 29. September 1996 deelt si dem Nic Weber mat, datt si an nächster Zäit hir Studenten an e Restaurant an der Noperschaft géif invitéieren, fir den Dune ze feieren. A mat engem klenge Clin d’oeil mengt si, datt déi Invitatioun vläicht géing fir besser Resultater bei enger geplangter »dissertation« vun de Studenten iwwert dem Edmond Dune seng »prose poems« suergen.

Ob dat de Fall war, wësse mer leider net, mee datt d’Liliane Welch dem Dune seng Wierker weider bewonnert huet, huet si bis zulescht an hirer Korrespondenz mam Nic Weber betount. An dat, an de Lunch mat de jonke Kanadier zu Sackville am New Brunswick zu sengen Éieren, hätt dem Edmond Dune bestëmmt gefall, hätt en et da gewosst.

Christiane Hamus-Hermes

Aktualiséiert