Objet du mois

E Rapport vum Pierre Nilles un den Europarot vum 15. Mee 1961

De Pierre Nilles (1923-2000), Lëtzebuerger Radio-Spriecher a Journalist aus de fréie 70er Joren war ee vun den éischten Europakorrespondente fir Lëtzebuerg. A sengem Fong am Lëtzebuerger Literaturarchiv (CNL L-248) fanne mir nieft ville Bréiwer eng Hellewull Preparatioune fir Radiosémissiounen, mee och fir Reportagen a Chroniken, z. B. fir de Lëtzebuerger Journal, d’Lëtzebuerger Land oder d’Luxemburger Wort. Et bestinn och eng Rëtsch Rapporten, déi tëscht 1958 an 1965 vum Pierre Nilles un de Paul M.G. Lévy, Direkter vum Conseil de l’Europe geschéckt goufen.

Den Dokument vum 15. Mee 1961 weist, wéi esou e Rapport un den Conseil de l'Europe konnt ausgesinn: De Pierre Nilles beschreift a kuerze Wieder, wat sech am Ländchen gedoen huet an de Beräicher Legislatives, Exekutives an Juristesches,…. Ween huet eng Funktioun ofginn oder ugeholl, iwwer wat gëtt diskutéiert, wéi steet Lëtzebuerg zu der Politik an der Wirtschaft, wat ass lass zu Lëtzebuerg? D’Informatioun gouf ëmmer direkt an den Kontext gesat. De Pierre war bekannt dofir seng Meenung ëmmer oppe ze vertrieden a kee Blat virun den Mond huelen, ouni dobäi ze vergiessen des Meenung mat handfesten Argumenter ze ënnermaueren.

Et gëtt een z.B. Mëtt Mee gewuer, dass d’Grande-Duchesse Charlotte hire Fils, den Ierf-Groussherzog Jean, zu hirem Stellvertrieder ernannt huet. An deem Zesummenhang gëtt déi kritesch Haltung vum Lëtzebuerger Land vis-à vis vun der Regierung zitéiert, der eng verspéit Informatiounspolitik virgeworf gëtt, déi am Ausland zu allerhand Spekulatiounen geféiert hat. Et gesäit een och, datt et am Land eng Kontrovers a Protester ronderëm d’Entschiedegung vun den zwangsrekrutéierte Jonge gëtt, wou d’Regierung an d’Oppositiounsparteien sech net eens sinn.

Dem Pierre seng excellent Kontakter an der Politik an Gesellschaft, seng villsäiteg Interessen a Kenntnisser, seng flott a kloer Sprooch, hunn him et erlaabt, sengem franséischen Direkter am Europarot e präzist a komplett Bild vun der Lëtzebuerger Politik, Kultur an Gesellschaft ze vermëttelen. Aus der Korrespondenz sollt eng formidabel Männerfrëndschaft entstoen.

Als Europa-Korrespondent a spéider och als Delegéierte vum Europarot fir Lëtzebuerg war hie bei ville Reuniounen, Diskussiounen an Décisiounen dobäi, déi Europa interesséiert a grouss gemaach hunn. Als iwwerzeegten Europäer huet hie gär eng Hand bei der Organisatioun vun Europa ugepaakt: wichteg Leit zesummebréngen, Hotelszëmmere reservéieren, Broschüren drécke loossen a verdeelen, d’Jugend kontaktéieren an informéieren.

De Pierre Nilles huet seng Artikelen a Bréiwer meeschtens op der Schreifmaschinn geschriwwen an eng Kopie versuergt. Deemools gouf all Korrespondenz op Pobeier mat der Post verschéckt, den Telefon kaum genotzt, a just an dréngende Fäll en Telegramm verschéckt. Dat bréngt mat sech, datt d’Famill dem CNL vill Dokumenter konnt iwwerreechen, déi en Abléck an d’Liewen an d’Schaffe vum Europakorrespondent, Journalist a Literat Pierre Nilles erméiglechen. Wann de Fong bis fäerdeg opgeschafft ass, wäert e kënnen zu Miersch consultéiert ginn.

Malou Nilles

Aktualiséiert