An den Archive vum CNL fënnt een nach den Outil de recherche par excellence aus der pre-digitaler Welt: den Ziedelkatalog. Ofhängeg vun der Gréisst vum Bestand konnt den alphabeteschen Tri vun de Kaarten op 3 verschidden Aart a Weise gemaach ginn: op den Numm vum Auteur, op den Titel oder op d’Thema vum Wierk.
De Schaf miesst 100,5 cm an der Längt, 53 cm an der Déift an 151 cm an der Héischt. E besteet aus 36 Tiräng, déi folgendermoossen opgedeelt sinn: 17 fir Auteuren, 2 fir Photoen, a jeeweils 1 Tirang fir d’Exil-Bibliothéik, d’Colpech-Bibliothéik, d’Archivbestänn, d’audiovisuell Dokumenter, d’Periodiken, d’Musekpartituren, d’Affichen an d’Postkaarten. 9 Tiräng sinn eidel.
D’Format vun de Katalogkaarten (75 x 125 mm) ass zanter 1948 international festgehal. Duerch d‘Viraarbecht vum Paul Otlet an Henri La Fontaine, déi och den Institut international de bibliographie (fréier den Office international de bibliographie) gegrënnt hunn, ass d’Reiefolleg vun den eenzelnen bibliographeschen Elementer schonn ugeduecht a spéiderhin als Pavé ISBD (International Standard Bibliographic Description) vun der IFLA (International Federation of Library Associations and Institutions) festgehal ginn:
NUMM, Virnumm Cote
Titel : Ënnertitel / Auteur(en). – Oplo. – Editiounplaz : Editiounshaus, Editiounsdatum. – Säitenzuel : Illustratiounsvermierk, Format. – (Kollektioun). – ISBN
Den Ziedelkatalog ass op Wonsch vum Germaine Goetzinger, ehemoleg Direktesch vum CNL, mam Budget fir „premiers équipements“ kaaft ginn. D’Kaarte koumen en vrac aus den Nationalarchiven (ANLux), wéi den CNL 1995 eng eegestänneg Institutioun gouf. An den Nationalarchiven hunn haaptsächlech de Claude Meintz an d’Marie-France Kremer un der Erstellung vun de Kaarte geschafft.
Wéi dunn de SIBIL-System fir d’Lëtzebuerger Bibliothéike koum, sinn d’bibliographesch Referenzen direkt an dee System getippt ginn. Een Deel vun de Kaarte si vum Marie-France Kremer manuell an de System agedroe ginn, mee glécklecherweis huet d’Nationalbibliothéik (BnL) d’Donnéeën aus hirem Ziedelkatalog vun der franséischer Firma Jouve an de SIBIL importéiere gelooss. Doduerch hunn e Koup Kaarten net méi missen importéiert ginn, well di selwecht Informatiounen souwuel op de Kaarte vun der BnL wéi och vum CNL ze fanne waren. Vill Fichen hunn nach hir Beaarbechtungs-Post-its a Vermierker wéi „pas dans Aleph“, „plusieurs volumes“, „périodique“ (wann et sech em en Artikel aus enger Zäitschrëft gehandelt huet).
Den CNL-Ziedelkatalog stoung eng Rei Joren nach am Liessall um éischte Stack vum Servais-Haus bis genuch Computeren fir d’Notzer do waren an de Gros vun den Donnéeën am haitegen ALEPH-Programm an dofir via www.a-z.lu akuckbar goufen.
Den Ziedelkatalog steet am Keller vum CNL a bleift eng integral Partie vun der Geschicht vum bibliothekonomeschen an archivisteschen Opschaffen vun de Bestänn am CNL.
Daphné Boehles