Objet du mois

Zoustänn: Zeitung fir fräi Expressioun

Tëschent 1981 an 1982 si fënnef Nummere vun Zoustänn: Zeitung fir fräi Expressioun an der Stad opgrond vun enger Initiativ vun e puer Kolleegen erauskomm. Den Ënnertitel Zeitung fir fräi Expressioun gëtt d’Linn vir: „Hier kann also jeder seine Beziehung zum Journalismus, seine Liebe zur Poesie, seine Kulturvorstellungen frei entfalten.“ D’Redaktioun erkläert mat hirer Zäitschrëft en „Zufluchtsarchipel der vorurteilslosen, zwischenmenschlichen Kommunikation zu schaffen“ (Nr. 1/1981, S. 2).

 

Et fënnt ee Bäiträg op Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch. D’Zäitschrëft am DIN A4-Format ass artisanal a mat bescheidene Mëttele gemaach: D’Artikele sinn op der Schreifmaschinn getippt an de Layout besteet aus zesummegepechten Abschnitter. D’Säitenzuel variéiert tëschent 36 an 48 Säiten. Wat d’Finanzéierung vun den Onkäschte fir d’Produktioun ugeet, erkläert d’Jace Schannes (Nr. 5/1982, S. 18): «le facteur ‚publicité‘ a été discuté et rejeté car il coïncide mal avec l’idée de ,frai Expressi’oun‘» a rechtfertegt domat d’Organisatioun vun den Zoustänn-Fester, wou Sue gesammelt konnte ginn. An der Emissioun De Freides-Invité op RTL Radio Lëtzebuerg de 24. Juni 2016 schwätzt de Lëtzebuerger Auteur a Member vum Zoustänn-Redaktiounsgrupp Gast Groeber ënner anerem iwwer seng Erënnerungen un d’Publikatioun vun der Zeitung a mengt, datt déi „héchsten Oplag“ bei 500 Exemplairë louch.

 

An der Lëscht vun de Mataarbechter, déi vun Nummer zu Nummer ännert, fënnt een Nimm vu Leit, déi een zum groussen Deel haut aus der Lëtzebuerger Kulturzeen kennt, wéi de Lucien Blau (Historiker), de Paul Cruchten (Filmregisseur), den Aender Glod (Dokter), de Roby Glod (Museker), de Gast Groeber (Schrëftsteller), de Paul Lesch (Filmhistoriker), de Philippe Matsas (Fotograf), d’Bady Mink (Filmregisseurin), de Sergio Tordini (Museker) an d’Nathalie Zlatnik (Kënschtlerin). Bei den Auteuren, déi bis op wéineg Ausnamen all tëschent 18 a 25 Joer haten, ware Verschiddener Student, anerer hu scho geschafft.

 

Net nëmmen d’Opmaachung vun Zoustänn, ma och déi dynamesch an direkt Aart a Weis, mat där d’Redaktioun Mëssstänn uschwätzt a Sozialkritik bedreift, erënnert u Schüler- a Studentenzeitungen. Zoustänn bitt eng alternativ Plattform, op där Themen aus der Gesellschaft wéi Sexualerzéiung, d’Anti-Atom-Beweegung, d’Fra an der Gesellschaft, d’Bëtoniséierung vun der Natur, eng net aartgerecht Déierenhaltung, Dyslexie oder d’Liewen am Stadgronn op d’Tapéit kommen. Literaresch interessant ass Zoustänn ënner anerem fir d’Verëffentleche vu Gedichter vu Schrëftsteller wéi dem Gast Groeber oder dem Robert Gollo Steffen. Doriwwer eraus fënnt ee Kulturrezensiounen. D‘Nummere si räich un Illustratiounen, dorënner Comicke vum Roby Glod oder vum Carlo Schneider.

 

Andeems d’Redaktioun „jedem, ob Atheist oder [g]läubig, ob links oder rechts, ob jung oder alt, eine freie Ausdrucksmöglichkeit“ (Nr. 1/1981, S. 2) zougesteet, encouragéiert si kontrovers Diskussiounen. Esou kënnt et, datt eenzel Reaktiounen op Zoustänn-Artikelen verëffentlecht ginn:  An der fënnefter Ausgab, virum Comic Prince charmant vum Jim Knaff, gëtt erkläert, datt an der Redaktioun iwwert d’Verëffentleche vum Comic diskutéiert gouf. Fir dem Deel fräi Expressioun aus dem Ënnertitel vun der Zeitung gerecht ze ginn, ass de Comic Strip drabliwwen, ma net ouni dem Erika Lindauer seng kritesch Meenung derzou ofzedrécken.

 

De Gast Groeber huet dem CNL, dee bis dohinner eréischt eng Ausgab a senger Kollektioun hat, fënnef Ausgabe geschenkt. Dank dem Gast Groeber wësse mer och, datt ee vun de Grënn, firwat net méi Nummere publizéiert goufen, dee war, datt en Deel vun de Leit, déi matgeschafft hunn, an d’Ausland studéiere gaang sinn. An enger Zäit, wou een am Alldag ouni Internet huet missen eens ginn, war et deemno ze opwänneg, d’Zeitung weiderzeféieren.

 

Charlotte Ziger

Aktualiséiert