»Firwat op Lëtzebuergesch?« ass den Titel vun engem zwee Säite laangen Text, deen de Pol Pütz 1976 op der Schreifmaschinn geschriwwen huet an deen a sengem Fong L-410 ze fannen ass. Déi Fro sollt hie spéider a senger literarescher Karriär, bei sengem kulturellen Engagement an a senge Sproochecourse méi beschäftegen, wéi hien dat an dem kuerzen Typoskript aus der Zäit vu sengem fréie Wierk vläicht konnt virausgesinn. De Pol Pütz hat den Grondstee fir seng literaresch Karriär schonn 1964 mat nëmme 17 Joer geluecht, wou hie Gedichter an däitscher Sprooch a verschiddenen Zeitunge verëffentlecht hat. Eréischt duerno huet hien d’Lëtzebuergescht fir sech als Schreif- a Literatursprooch entdeckt an dat iwwert déi nächst 40 Joer bäibehalen. No éischte Verëffentlechungen am Périodique Contact a Sketcher am Hei Elei, Kuck Elei ass hien 1974 Member vun der Équipe Revue-Equipe ginn, a genee dësen Engagement huet säi Schreiwe stilistesch wéi inhaltlech staark beaflosst. Vu Bedeitung ass an dem Kontext d’Frëndschaft mam Pir Kremer, deen hie bei enger Emissioun vum Hei Elei, Kuck Elei! kennegeléiert hat. D’Joere 1974 a 1975 kënne réckbléckend a Relatioun zum Pol Pütz senger Sproochopfaassung als decisiv ugesi gesinn: Sou huet hien an de Revuë LuxData a Wiesselsjoeren mam Pir Kremer als Duo Pik a PoP zesummegeschafft, hien huet och d’Fuessemissioun 1975 vum Hei Elei, Kuck elei matproduzéiert a säin Debüt d’Seibecken mat Gedichter op Lëtzebuergesch gemaach. 1980 sollt hie mat Hopp Marjänn! den éischte Musical op Lëtzebuergesch schreiwen.
De Pol Pütz huet sech säi Liewe laang mam Lëtzebuergeschen ausernaner gesat an huet sech fir seng Mammesprooch agesat. Hien ass Grënnungsmember vun der Actioun Lëtzebuergesch 1971 an huet an der éischter Nummer vun der Zäitschrëft Eis Sprooch (1972) den Text E modernt Lidd publizéiert a sech an de Joren drop fir eng Standardiséirung vun der Lëtzebuerger Sprooch agesat. Säin onermiddlechen Asaz dofir, datt d’Sprooch soll geléiert ginn, léisst sech un enger Abberzuel vu Coursen, Programmer an Dictionnaire beweisen, un deenen de Pol Pütz matgewierkt huet, e.a. Eis Schreifweis, Mettre au feminin oder den Dictionnaire Luxembourgeois – Français. Et wor nëmme konsequent, datt hie Member am CCPL (Conseil permanent de la Langue Luxembourgeoise) an am Institut Grand-Ducal, Section Arts et Lettres war a Lëtzebuergesch-Coursen am INAP ginn huet.
Wann een dem Pol Pütz säin Typoskript aus dem Joer 1976 liest, erkennt een eng sëllechen typographesch Agrëffer, déi weisen, datt et him an de 1970er Jore selwer och net an all Fall einfach gefall ass, mat der Lëtzebuerger Sprooch ëmzegoen; sou hannerfreet hien d’Grouss- a Klengschreiwung am Titel oder reflektéiert de Gebrauch vun der n-Reegel. An dach huet hien am Laf vun der Zäit den Ëmgang souwäit perfektionéiert, dat et him méiglech war, d’Lëtzebuergescht an alle Genre, onofhängeg op Lyrik, Prosa, Theater oder Musical gläichwäerteg anzesetzen a sou kloer d’Thees ze widderleeën, dat »wat mir sou am Lëtzebuergesche giffe gebuede kréien«, just do wier, »fir ze laachen, fir d’Leit ze ameséiren an si vun deene wiirkleche Problemer ewechzelackelen.«
Net oninteressant ass, datt de Pol Pütz dorop hiweist, datt och Romaner »wuel intressant sinn«, ma datt d’Kuerzgeschicht »sech [...] duerchsetze wäert.« Dee Moment wor net viraus ze gesinn, datt ab 1985 de »neie Lëtzebuerger Roman« mat Texter vu Guy Rewenig a Roger Manderscheid géif der Literatur nei Impulse ginn an eis »Mondart [...] méi wéi [eent] intressant Gebidd fir eng Handvoll Linguisten« wier, wéi et am Essai heescht Et ass bemierkenswäert, datt de Pol Pütz deen Essai aacht Joer virum Sproochegesetz vun 1984 geschriwwen huet, dat dem Gebrauch vum Lëtzebuergeschen eng nei Wäertegkeet an der allgemenger an der literarescher Ëffentlechkeet ginn huet.
Den Essai ass just eent vu villen interessanten Dokumenter, vun deenen de Pol Pütz sech gewënscht huet, datt se an d’Literaturarchiv kommen an déi d’Madame Anny Pütz am Februar 2019 dem CNL ginn huet.
Sascha Dahm