Objet du mois

D’Zeechnung „Einen Wald zaubern“ vum Félix Mersch

ObjetDuMois_aoutOp dëser Zeechnung gesäit een een mat schwaarzem Bic op Pabeier (31x24) gezeechente Bësch mat verschiddenen Déiere virun, tëschent an iwwert den diverse Beem a Planze verdeelt. Ënnert dem gemoolte Bild steet mat Bläistëft geschriwwen Zeichnung „Einen Wald zaubern“. Gemoolt gouf et vum Félix Mersch, deen den 1. Januar 1911 zu Gréiwemaacher gebuer gouf a seng Kandheet a Jugend dunn zu Iechternach verbruecht huet. No senger schoulescher Carrière war hie Schoulmeeschter a verschiddene Schoule mee awer och Schrëftsteller a Moler. Hien huet haaptsächlech op Däitsch, awer och op Lëtzebuergesch geschriwwen a vill vu senge Wierker zielen zur Kanner- a Jugendliteratur.

Dës Zeechnung gehéiert zu engem Kannermäerchen, dat de Félix Mersch 1964 geschriwwen huet an domadder de 4. Prix de lecture enfantine, dee vun den Insituteurs réunis 1964/1965 vergi ginn ass, gewonnen huet. Verëffentlecht gouf säi Mäerchen dunn a 37 Follege vu September 1970 bis Mee 1972 an der Zäitschrëft Zack: Zeitung vum Lëtzebuerger Kand.

Am Mäerche geet et ëm de klengen Heini a seng Frëndin d’Maringel déi zesumme beim Schrotttipp sëtzen. De Bouf wëll d’Kopp, déi hannert dem Tipp ass, molen. D’Meedche stousst hien an et entsteet ee grénge Faarffleck um Pabeier, deen ausgesäit wéi een Dännebam. Dorops hin decidéieren déi zwee, dass hien ee Bësch mat Déiere mole soll. Des Szen huet de Félix Mersch a senger Zeechnung festgehalen. Den Dag drop gi d’Kanner am Mäerchen erëm op nämlecht Plaz, wou op emol ee Bësch steet. Et ass kee gewéinleche Bësch wéi et hinne mat der Zäit ëmmer méi däitlech gëtt, mee ee verzauberten: d’Déieren am Bësch kënne schwätzen, d’Beem kënne sangen a verréckelen sech ouni weideres a nach villes méi an dat alles wéinst dem Waldgeistlein. Iergendwann ass de Bësch vun enger béiser Hex verwonsch an d’Waldgeistlein gesäit keng aner Méiglechkeet béis Hex lass ze ginn, wéi dat den Heini säi Bild verbrenne soll. Si fänken d’Hex, an den Heini leeft Heem seng Zeechnung sichen, wëll se awer dann net méi verbrennen. Si loossen d’Hex erëm fräi, déi ass duerch d’Gespréicher vum Heini an dem Waldgeistlein rëm zur Vernonft komm a léisst de Bësch lo a Rou, well „[…]alle wissen nun, daß der Wald das Schönste und das Beste ist auf der ganzen Welt!“.

Dëst Mäerchen huet, sou wei déi meescht Geschichte vum Félix Mersch een erzéiereschen Aspekt mat enger Moral, a soll d’Kanner zu engem méi bewosstem Ëmweltschutz bewegen.

D’Bild läit am Fong vum Félix Mersch (L-0024), deen zum Archivbestand vum CNL gehéiert. 1992 huet d’Famill vum Félix Mersch dëse Fong beim Nationalarchiv ofginn a wéi am Joer 1995 dunn d’Lëtzebuerger Literaturarchiv opgoung, ass de Fong mat op Miersch geplënnert ginn.

Saskia Bernardy

  • Mis à jour le 01-08-2015