De Bernie, treie Begleeder vum Superjhemp

bernie
De Bernie ass e Scotch-Terrier an ursprénglech dem Supermac, dem Nationalheld vu Schottland, säin Hond. Am Luxusbuerger Lexikon: De Superjhemp vun A-Z (Ed. Revue, 2008) ass ze liesen, datt „béis Zongen behaapten, dëse rengrassege Baaschtert wier eng Kräizong tëscht enger Këscht schwaarzer Schongwichs an enger Kierbiischt“. De Superjhemp begéint dem Bernie an dem Supermac déi éischte Kéier am 3. Album D’Affär vum Jorhonnert (Ed. Revue, 1990), wéi en säi schottesche Pendant ëm Hëllef freet, well en engem Monster am Stauséi net méi Meeschter gëtt. De Bernie hat déi Zäit ëmmer e klengt Faass ëm den Hals hänken, dat mat Whisky gefëllt ass, well de Supermac doraus seng Superkraaft zitt (mat enger gudder Portioun Haggis). No der iwwerstaner Avontür decidéiert de Bernie datt e beim Superjhemp wëll bleiwen, an de Supermac ass domadder averstan.

Ab deem Zäitpunkt ass de Bernie dem Superjhemp eng grouss Hëllef: beim Opschnëffelen vu Verbriecher oder verluerene Saachen, beim Zerknae vun allerhand Seeler a Strécker, mat deenen de Superjhemp gefesselt gëtt, beim Alarm schloen oder wann hien déi richteg Leit siche geet, déi dem Superjhemp hëllefe kënnen. Obwuel et e Super-Hond ass, kann de Bernie sech nëmmen iwwer Gebills mat de Mënsche verstännegen, seng Gedanke kritt de Lieser an der BD awer matgedeelt.

De Bernie taucht a praktesch all de Superjhemp-Albumen op, ausser, an

  • Panik am Studio 4,
  • Geheimcode bloë Stär,
  • De Fluch vun der 23,
  • De Kinnek vun Öropa.

De Bernie huet sech also zu engem Haaptpersonnage nieft dem Inspekter Schrobiltgen, dem Kommissär Harespel an der Joffer Lamesch gemausert (gehonds?). Am Album Aktioun Réiserbunny verléift de Bernie sech an eng wäiss Muppendame mat Numm Duffy. De Superjhemp befreit se aus dem Gaapserechen Déierenasyl. Et ass awer net gewosst op scho Muppennowuess do ass.

De Plüsch-Bernie koum fir d’Walfer Bicherdeeg am November 2011 op de Maart. En ass „designed and handmade“ vum Sylvie Hamus mam Label „Made in Luxembourg“ (Vermierk ënnert dem Bernie sengem Cape). Et kritt een en an zwou Varianten: eng kleng an eng grouss Versioun.

Den CNLs-Bernie ass 78 cm laang, 25 cm breet an 39 cm héich (wann d’Ouere gespëtzt sinn), et handelt sech ëm di grouss Versioun. En huet dat Terrier-üblecht raut Deckhoer mat engem douce Bauchkleed. Hie passt op d’CNLs-Objets–Sammlung op, sou wéi säi kreative „Papp“, de Roger Leiner, ëm den Uerder ginn huet.

Daphné Boehles

Dernière mise à jour