Et ass eng seele Chance in situ ze suivéieren, wéi sech e literareschen Text an eng Particell verwandelt, esou wéi déi lëtzebuergesch Komponistin Lou Koster (1889-1973) dat mat enger Rei Gedichter gemeet huet, mat deene si sech am éischte Band vum Nikolaus Welter (1871-1951) senge Gesammelte Werke (Braunschweig, Hamburg. Georg Westermann, 1922) beschäftegt huet. Do huet d’Lou Koster hiren éischte Kompositiounsentworf vum Nic Welter senger Ballade Der Geiger von Echternach festgehalen.
Op 45 vun insgesamt 283 Säiten a bei 18 verschiddene Gedichter fënnt een Annotatiounen, emol mam Bläistëft, emol mam Stylo mat bloer, schwaarzer oder rouder Tënt. D’Noutelinne goufe fräihänneg oder mam Lineal gezunn, horizontal, schif a vertikal, iwwerall do wou nieft dem Text op enger Säit grad Platz wuar. Op munche Säite goufen d’Portéeë just virbereet, sinn awer blank bliwwen (S. 86-89). Déi meeschten Annotatioune fanne mir op de Säite 70-84 beim Text Der Geiger von Echternach. Dës Säite goufen duerch dat vill Bliederen esou sollicitéiert, datt se jeeweils um ënneschten an um lenke Säiterand mat engem Pabeierband hu misste verstäerkt ginn.
D’Lou Koster hat ufanks geplangt, während enger Vakanz am Fréijoer 1966 zu Cabris a Südfrankräich an engem Haus, dat vun der Famill Mayrisch zur Dispositioun gestallt gouf, sech mam Michel Rodange (1827-1876) sengem Renert ze beschäftegen an deen eventuell a Musek ëmzesetzen. Wéi si awer de Renert néierens opdreiwe konnt, huet si an engem Buch vum Nikolaus Welter gebliedert an ass do op Der Geiger von Echternach gestouss (Blasen, Léon; Lëtzebuergesch Komponisten, 1988). Des Ballade huet si esou inspiréiert, datt si déi éischt Entwërf zu enger Pianospartitur direkt am Buch festgehalen huet. Well et hir awer altersbedéngt ze ustrengend wuar dëst Wierk selwer z’orchestréieren, huet si de Pierre Cao (*1937) domat beoptragt (Roster, Danielle: Die Komponistin Lou Koster, 1997).
De 9. Juli 1972 gouf schliisslech de Geiger von Echternach an der Basilika zu Iechternach ënnert der Leedung vum Pierre Cao uropgefouert. D’Joer drop, de 17. November ass d’Lou Koster gestuerwen. Dee groussen Erfolleg vum Geiger vun Echternach (z.B. haut nach ze héieren op enger CD vum CNA, 2010) an hiert onermiddlecht Schafen op musikaleschem a kompositoreschem Plang hunn d’Wierker vum Lou Koster zum feste Bestanddeel vum kulturellen Ierwe gemeet. Si bleift nieft dem Helen Buchholtz (1877–1953) als eng vun den éischte Komponistinnen an der lëtzebuergescher Museksgeschicht an Erënnerung.
Am Januar 2013 krut de Centre national de littérature (CNL) eng Rei Bicher aus dem Besëtz vum Félix Steinberg (1921-1990), engem laangjärege Vertraute vum Lou Koster. Hie wuar Resistenzler a nom 2. Weltkrich als Journalist an als Schrëftsteller aktiv. Dem Félix Steinberg seng Duechter, d’Madame Lucette Steinberg, déi eng Rei Bicher an Dokumenter am CNL hannerluet huet, wuar déi läscht Schülerin vum Lou Koster.
Léon Rinaldetti