„Fiischen“-Statue vun François Demuth a Ernest Grosber

renert

D’Statue „de Fiisschen“, wéi se allgemeng genannt gëtt, ass en Deel vum Michel-Rodange-Monument, dat um Knuedler als Hommage fir eise Schrëftsteller Michel Rodange (1827–1876) opgeriicht gouf. De Fiisschen mécht hei natierlech Referenz op dem Rodange säin Haaptpersonnage aus dem Nationalepos Renert oder de Fuuß am Frack an a Ma’nsgrëßt. D’Monument ass vum Moler a Skulpteur Jean Curot gezeechent ginn a besteet aus engem hallef-octogonale Bur an dee Waasser aus enger Fontaine leeft, engem Medaillon aus Koffer, realiséiert vum Skulpteur Jean-Théodore Mergen, an engem Rousenornament. Uewendrop trount de Fiisschen. Um Réck vum Monument fënnt een e Véierzeiler aus dem Renert an originaler Schreifweis, gesprach vum Dax Grimpert:

Mer pleckten Abrikosen…
…in allen Hecke ger.
Wie geht nun ower Praffen
Am Bambösch d’Schlewender?

Renert X. Gesank

D’Monument gouf de 26. Juni 1932 a Präsenz vum Prënz Félix an de Rodange-Duechteren Élise a Marguerite ageweit. Den Tenor Otto Niedner huet eng Cantate gesongen, déi de Batty Weber extra fir d’Inauguratioun geschriwwen huet.
D’Originalstatue aus wäissem Sandsteen steet am Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, nodeems se am November 1979 geklaut gouf. Eng originalgetrei Kopie gouf dunn 1981 als Ersatz op d’Monument plazéiert, wou se haut nach steet. D’Originalstatue, vun 1932, ass eng gemeinsam Kreatioun vun de Skulpteuren François Demuth a Ernest Grosber. Et gëtt verzielt datt dem Arts-et-Métiers-Professor Camille Dieschbourg säin däitsche Schäferhond Modell fir de Fiissche gestan hätt. D’Ateliers de moulage vum Paräiser Louvre goufe beoptraagt d’Wierk ëmzesetzen. E Moulage vun héchster Qualitéit deen di klengsten Detailer erëmgëtt, gouf erschaf an de remhirgestalltene Steen (pierre reconstituée) ass esou produzéiert, datt en alle Wiederkonditiounen ouni Problem Stand hält.
D’Fiissche-Statue vum CNL ass eng « Réédition unique », op 100 Exemplairen limitéiert. Se bestinn aus « pierre reconstituée », numeréiert vun 1 bis 100. Se sinn an Originalgréisst realiséiert: 110 x 50 x 50 cm

Daphné Boehles

Statuette an der Vitrin: Renert vum Rodange, « pierre reconstituée », klenge Modell. Héicht: 9,5cm Längt:15,5cm Déift: 7cm, Gewiicht: 560 gr

Dernière mise à jour