Jorg Willekens

A grousser Trauer soe mir eisem Informatiker, dem Jorg Willekens, deen den 28. Dezember ganz onerwaart am Alter vu 46 Joer gestuerwen ass, Äddi. Ouni säin Asaz a seng Iwwerleeungen, seng Begeeschterung fir alles, wat mat eisen digitalen Erausfuerderungen ze dinn hat, a säi Flair fir intelligent Léisungen hätte mir vill Projeten an deene leschte Joren net realiséiere kënnen. Hie war ëmmer do, bei groussen a bei klengen informatesche Froen, an huet gehollef, erkläert an op seng ganz onverkennbar Aart a Weis, mat Witz, Originalitéit a ganz vill Wëssen, E-Maile geschriwwen, déi de Literaten ënnert eis eng nei Welt opgemaach hunn.

 

Mam Jorg verléiert de CNL e wäertvolle Mataarbechter, e gudde Frënd an e léiwe Mënsch, deem seng Authentizitéit eis Equipe gepräägt huet.

 

Senger Famill drécke mir vu ganzem Häerzen eist déift Matgefill aus.

 

D’Equipe vum Lëtzebuerger Literaturarchiv

 

Dernière mise à jour