Publication

Superjhemp-Kaarte vu Luxusbuerg

Exklusive Faksimile vum Charel Kuddel senge signéierte Landkaarten aus dem Ministère fir Ongeléiste Problemer (M.O.P.), Service vun den hoffnungslose Fäll, déi vun der Administration du canasta et de la taupographie vum Gouvernement du Petit- Duché de Luxusbourg bis elo just fir d’Ministèrë bestëmmt waren!

Sensationell: Fir déi alleréischte Kéier kritt Dir en Abléck an dem Superjhemp seng supergeheim Stopp mat der Publicatioun vu senge perséinleche Landkaarten, déi d’Félicie Fleck bei der Fréijoersbotz entdeckt huet an der Maison Service zu Mierw bei Rolléng uvertraut huet. Poznennö! Domat kënnt Dir Iech elo am Univers vum Superjhemp erëmfannen a sengen Aventurë mam Fanger op der Kaart nofueren – sief et an d’Hondséislek, wou d’Welt mat Brieder zougeneelt ass, sief et an d’Schlechtland, wou een am Feierowendstau gutt Zäit huet, fi r d’Landschaft ze genéissen. Entdeckt dem Superjhemp säi Land a besicht déi fréier Festungsstad mat sengem pittoreske Patrimoine, sengen ominéise Banken, senger lieweger Kulturzeen an där, déi a Stee gemeesselt oder a Bronze gegoss ass.

D‘Kaarte vu Luxusbuerg goufen op der Basis vun de Kaarte vum Lëtzebuerger Geoportail erstallt (www.geoportail.lu). Mir soen dem Jeff Konnen an dem Joe Mayer vun der Administration du cadastre et de la topographie Merci fi r hir Hëllef. Den Design vum Logo Luxusbuerg ass vum Andy Genen, den Design vum Logo vum Gouvernement ass vu Samsa Film. E grousse Merci och un d’Famill Leiner- Miotto an un de Lucien Czuga.
Claude D. Conter, Claude Kremer, Anouk Stephano © 2020 – Luxusbuerger Literatur- a Comicarchiv zu Mierw bei Rolléng

Dernière mise à jour