Léif Frënn vun der Literatur!

Foto © Lynn Theisen/CNL

Esou sidd Dir an de leschte Jore begréisst ginn, wann Dir an d’Literaturarchiv op Miersch komm sidd. Et wor fir mech ëmmer eng groussech Freed Iech, Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller, Lieserinnen a Lieser, Acteuren aus a ronderëm de Literaturbetrib a Passionéierter vun der Literatur a vun den Archiven, an der Maison Servais ze empfänken. D’Gespréicher mat Iech, den Austausch iwwert d’Literatur, ma och déi Frëndschaften, déi an de leschte Joren entstane sinn, leie mir um Häerz a vergiessen ech net.

Elo, wou ech an d’Nationalbibliothéik wiesselen, wëll ech Iech nach emol perséinlech Merci soe fir Är Ën-nerstëtzung, Ären Interessi a fir Är Gentillesse. Ech hoffen, datt Dir och weiderhin dem Centre national de littérature wäert trei bleiwen. Eng ganz Équipe, déi mech déi lescht aacht Joer begleet an ënnerstëtzt huet, ass och an Zukunft fir Iech do. Elo schonns hu mir fir Iech op, a fir d’Rentrée bidde mir och nees flott Manifestatiounen, Ausstellungen a Visitten un. Mir schaffe weider am Déngscht vun der Literatur a freeën ons, Iech erëm ze gesinn. Der Équipe soen ech op dëser Plaz e besonnesche Merci an e ganz léiwe Merci Iech, déi Dir mat Ärem Virwëtz op Neies a mat Ärer Freed d’Literatur lieweg haalt.

Claude Conter

Aktualiséiert