Objet du mois

E kuerze Bléck op d'Kuren an der Lëtzebuerger Literatur

cure_mondorf

 Wann d'Maus Ketti sech virhëllt, bei Verdauungsproblemer "no Mun'ref an de Bad" ze goen, dann erwaard se sech vläicht kee sou en duerchschloend Resultat, wéi een et op dëser Postkaart riets uewe gesäit.[1] Dës humoristesch Zeechnung iwwer d'Kurliewen zu Munneref kënnt aus dem Postkaartefong vum CNL, an deem méi wéi 1.500 Kaarten leien. Den Editeur vun der Kaart, de Philippe Schneitz, war e geléierte Coiffeur, deen 1910 zu Munneref eng Succursale vun der Firma Roissy-Schneitz opgemaach huet. De Buttek huet Parfum an Hygiènesproduiten verkaaft. Mir wëssen net, wien d'Bild op der Kaart gemolt huet, a wéini se eraus komm ass, mä d'Figuren erënneren u Personnage vum däitsche Moler Otto Dix aus den 1920er Joren. D'Kaart ass wuel och an den 20er oder 30er Joren entworf ginn.

 

Nieft dem Auguste Liesch senger Maus Ketti denkt ee beim Stéchwuert Munneref a Literatur virun allem un d'Dichterdeeg, déi 1962 déi éischte Kéier hei ofgehal gi sinn. Organiséiert vum Anise Koltz, hunn d'Journées de Mondorf bis 1974 all zwee Joer Auteuren aus dem däitsch- a franséischsproochege Raum zesummebruecht. No enger Paus vu méi wéi 20 Joer hunn d'Anise Koltz an de Jean Portante d'Iddi vun de Munnerefer Dichterdeeg 1997 erëm opliewe gelooss.

 

Schonn am 19. Jorhonnert fanne mer Referenzen iwwer d'Thermalbad an der Lëtzebuerger Literatur. 1887 kënnt dem Joseph Moressée säi Roman Mariage à Mondorf eraus. Den Auteur, e belschen Zeitungsredakter, deen 1859 zu Louvain op d'Welt koum, beschreift den Dagesoflaf vun enger Kur an allen Detailer. Nieft der Aussiicht op gesondheetlech Besserung huet och d'Hoffnung op e standesgeméisse Freier vill Meedercher an hir Mammen op Munneref bruecht. Déi schick Dammen an Hären lénks ënnen op der Kaart kéinten direkt aus dem Moressée senger Erzielung sinn.

 

Mä net jidderee war begeeschtert vum Munnerefer Waasser. 1871 mécht de Victor Hugo eng Kur zu Mondorf. Den 27. August notéiert hien a sengem Tagebuch:[2] "Victor [dem V. Hugo säi Jong] et moi avons bu chacun deux verres d'eau minérale et pris notre première douche. [...] La douche fait plaisir, le breuvage pas." (p. 219) Den zweeten an drëtten Dag drénkt en nach gewëssenhaft seng véier Glieser Waasser. Mä vun do uns erniimt en, bis de 16. September (p. 249), nëmmen nach d'Dusch, iwwert d'Gedrénks verléiert e kee Wuert méi.

 

Gutt 20 Joer méi spéit erzielt den Nicolas Liez a sengem Theaterstéck Eng Kur zu Bollendorf vun enger anerer Heelwaasser Kur, bei däer d'Duschen ounideems méi eng grouss Roll spillen. Déi éischt Stroph vum Ufankslidd geet esou:

 

Hei geet et muergens fréi eraus / Fir mat Methoud ze kneipen;

Mir stränze Waasser op ons aus / Bis Owes dat mer neipen.

 

An och zu Bollendorf spillt dat sozialt Liewen eng net onbedeitend Roll:

 

Un enger schéiner Wued, do blouf / Schon muncher Efalt hänken,

E Kneipsbad ass, wéi s' all, eng Grouf / wou d'Mammen Ed'me fänken.

Et verwonnert also net dass d'Stéck, grad wéi dem Moressée säi Roman, mat enger Hochzäit ophält. D'Ufankslidd vun Eng Kur zu Bollendorf kann een, wéi och eng Rei aner Lëtzebuergesch Gedichter, op der LibriVox Säit gratis als Audiobook lauschteren. Den Titel ass "Hei geet et muerges fréi eraus": https://librivox.org/multilingual-short-works-collection-016/

 Sandra Schmit

[1] Postkaartefong, CNL CP 6 M-3-4.

[2] Frank Wilhelm, Tony Bourg: Le Grand-Duché de Luxembourg dans les carnets de Victor Hugo. Luxembourg: RTL, [1985].

Dernière mise à jour