26. September, Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch

Message vum Pierre Reding, Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch

De 26. September solle mir iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch nodenken an se och feieren.

Dee selwechten Dag gëllt et och iwwer d’Méisproochegkeet nozedenken an och déi ze feieren. Ech fänken emol u mat nodenken: De Wittgenstein sot: „Die Grenzen meiner Sprache bedeuten die Grenzen meiner Welt“. Tja, a wat ass meng Sprooch? Ech dreemen an denken op Lëtzebuergesch. Gëtt den lod.lu meng Welt erëm? Aus wat fir enge Sprooche besteet meng Sprooch?

Lëtzebuergesch, kloer, ma awer och Wormer, Stater an eng Grëtz Eechternoacher. Lëtzebuergesch, kloer, ma och Däitsch, Franséisch, Englesch an e bëssen Dëses an Däers. Ass meng Welt elo grouss a breet mat all deenen Encoren? Jo, ech gesinn dem Thomas Mann seng „weisse Finsternis“ an ech richen dem Marcel Proust seng „Madeleines“. Oder ass meng Welt net déif an net wäit, well ech keng Sprooch esou richteg schéi beherrschen, et sief vläicht Lëtzebuergesch?

Dat Lëtzebuergesch, dat ech gären hunn, a mat deem ech zu Villerupt erhéngeren. Wéi ass da meng Welt mat all deene Wierklechkeeten? Wat denken, héieren a soen ech wéi, wou a wéini? Gutt, datt mer och feieren!

Dernière mise à jour