Am Kader vun der Ausstellung Schrift und Bild im Dialog, déi momentan am CNL e.a. de Vernetzunge vum Lëtzebuerger Kënschtler Théo Kerg (1909-1993) mat der europäescher Literatur nogeet, invitéiert den CNL op eng Visite guidée vun der Centser Helleg-Geescht-Kierch, wou den Théo Kerg säi gréissten taktilisteschen Environnement am Grand-Duché geschafen huet.
A senge faarwege Fënsteren an dem liturgesche Mobilier gräift de Schüler vum Paul Klee zum Deel op de “Spatialisme” vum franséische Schrëftsteller Pierre Garnier zeréck. De Marc Jeck hëllt Iech mat op eng spannend Reess, bei där dem Kerg säin artistescht Alphabet an engem Raum, wou d’Wuert an d’Liicht dominéieren, déchiffréiert gëtt.
An Zesummenaarbecht mat der Por Notre-Dame.
Umeldung: Service des sites et monuments nationaux, Tel. 2478 6650 oder e-mail info@ssmn.public.lu