Ëmmer eng aner Faarf, ëmmer en aneren Auteur - ëmmer op Lëtzebuergesch an am Miniformat: 2013 huet d'Serie SMART KREMART mat véier Kuerzgeschichten ugefaangen, am Juni 2017 ass de smarten Ofschloss mat dräi Bichelcher.
SMART 18: "Fuck" - D'Gintare Parulyte erzielt vun den Erwaardungen an Enttäuschunge vun enger jonker Fra.
SMART 19: "Tunnel of love" - D'Jackie Messerich féiert de Lieser mat engem zerrapptenen Ziedel op méiglech Libesweeër.
SMART 20: "Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?" - De Jean-Paul Maes versetzt eis an d'Haut vun engem Mann am beschten Alter.
An Zesummenaarbecht mat Kremart Edition