... an um Enn och nach e Buch!

De Versuch fir e Kabaretsbuch virzestellen. En Experiment.

Mee wéi stellt e Kabaretensembel säin eegent Buch vir?
D'Peffermill(ch)en huet nach keng Virstellung dovun, wéi si hiert eegent Buch soll virstellen. Ass e Kabaretsbuch iwwerhaapt virstellbar? Kabarettisten stellen an hire Virstellunge Programmer mat satireschen Texter vir, mee si maachen sech keng Virstellung iwwert eng Virstellung vun hirer eegener Buchvirstellung. Et ass awer gutt virstellbar fir bei dëser Buchvirstellung aus deene ville Virstellungen, déi si an deene leschte Jore virgestallt hunn, eng eenzeg Virstellung ze maachen. Da wär dat Buch zwar nach ëmmer net virgestallt, mee dir hätt eng Virstellung dovun, wat an deene sëlleche Virstellunge virdru virgestallt gouf..., a wat dowéinst alles an deem Buch drastoe kéint.
Ab dem 15. Februar 12:00 Auer kënnt Dir Iech iwwer
dëse Formulaire umellen.

D'Entrée kascht näischt, awer d'Umeldung ass obligatoresch.

D'Wuerzele vun dem Kabaretsensembel Peffermill(ch)en ginn zréck op d'1970er Joren. No dem Boulevardtheater an deene Joren an dem politesch-literareschen Theater an den 80er hunn e puer Leit aus där Zäit 1989 d'Peffermill(ch)en gegrënnt. 


No 25 Joer a 16 Programmer hunn d'Leit vun der Peffermill(ch)en 2014 decidéiert opzehalen.

Dat ganzt Material vun hire Programmer, Texter, Affichen a Manuskripter läit elo gutt versuergt am Mierscher Literaturarchiv. Doraus ass e Buch iwwert d'Geschicht vun der Peffermill(ch)en entstan, dat am Dezember 2016 erauskoum.


Op der klenger Bühn vum Lëtzebuerger Literaturarchiv stinn d'Josiane Fritz, d'Monique Reuter, d'Denise an de Fons Ruppert, déi zesummen mam Claude Lamberty Texter fir dëse satireschen Owend erausgesicht hunn.

De Paul Dahm suergt fir déi musikalesch Ënnerstëtzung.

 

 

Dernière mise à jour