Objet du mois, avril 2026

Ech géif Iech e Streisel baken

En Hommage un de Pol Greisch
Pol Greisch
© 2014 Pier Paolo Leoni
© 2014 Pier Paolo Leoni

Mueres géinge mer feel mat onse Pläng… Ons s’iwwert d’Glänner reechen… Ëmmer wiere mer ënnerwee, d’Sonn am Gesiicht. Reesen… Nuets géifen se mautschen, ons Pläng. A mueres wiere se mief. Mief wéi mäi Streisel. Schmëlzen op der Zong. Schued, datt ech kee Schäffche méi hunn: Ech géif Iech e Streisel baken.

Aus Pol Greisch: E Stéck Streisel (1993)

 

Am Joer 2014 huet de Fotograf Paolo Leoni am Optrag vum CNL Portraite vum Pol Greisch gemaach. Mir weisen hei eng Foto op där d’Perséinlechkeet vum Auteur besonnesch gutt zum Virschäi kënnt. Als Mënsch huet de Pol Greisch duerch seng enorm Präsenz, seng Bescheidenheet a säi feinen Humor erausgestach. Mat senger grousser Mënschlechkeet, mat Fangerspëtzegefill an Ironie huet hien hannert d’Maske vun der Lëtzebuerger Gesellschaft gekuckt. Hien hat oft e Schmunzelen op de Lëpsen an huet mat enger gewësser Liichtegkeet seng Skepsis an Zréckhalung ausgedréckt. D’Liewensrealitéiten, d’Idealer an d’Dreem vu senge Bünefiguren, oft verlueren an enttäuschten Everymen aus dem Lëtzebuerger Klengbiergertum, huet hien aus eegenem Erliewe kannt, huet hien dach vun 1952 bis 1990 um Büro bei den Assurances sociales geschafft.

Fir de Pol Greisch ass am Abrëll 1930 zu Walfer de grousse Rideau vum Liewen opgaangen. Ma zerguttstert ass e fir den Theatermann bei der Dicksfeier 1955 opgaangen, wou hien, zesumme mat der Actrice a spéiderer Liewenspartnerin Juliette François, am Dicks-Stéck Den Hèr an d’Madamm Tullepant fir säin éischten »groussen« Optrëtt op der Bün stoung. Zënterhier huet de Pol Greisch vill a mat ganzem Asaz fir den Theater a fir d’Literatur gewuddert, op an hannert der Bün, an den Truppe vum Ugèn Heinen sengem Lëtzebuerger Theater a beim Théâtre Ouvert Luxembourg (TOL), als Acteur, als Poet, Schrëftsteller, an als Mënsch. De Pol Greisch hat eng Hellewull kënschtleresch Pläng an Dreem, déi hie wärend senger ausseruerdentlech laanger Bünecarrière verwierklecht huet. Hien stoung dem Lëtzebuerger Literaturarchiv no. Hei krut hien 2002 de Batty-Weber-Präis fir säi Liewenswierk an 2013 di zweete Kéier de Servais Präis iwwerreecht an huet 2015 zu Miersch mat Frënn a Famill säi 85. Gebuertsdag gefeiert.

Mat senge Stécker Äddi CharelBesuchE Stéck Streisel huet de Pol Greisch zu Lëtzebuerg den »Opbroch an d’Theatergéigewart« (Michel Raus) agelaut. Säi Schrëftstellerfrënd Roger Manderscheid schreift, datt hien »ouni tapaasch, déi festgefueren a steifgefruere lëtzebuerger theaterlandschaft opgedeet an emgetesselt« huet. Mat senger onpretentiéiser, epuréierter a poetescher Sprooch ass de Pol Greisch de gesellschaftleche Verhältnesser, de Realitéite vum Lëtzebuerger Kontext an der Onméiglechkeet vu mënschlecher Wäermt a Kommunikatioun mat vill Finesse op de Grond gaangen. Säin Theater ass virun allem Theater »mam Goldschmattshimmerchen«, wéi de Marc Olinger et ausgedréckt huet. Typesch fir de Pol Greisch wor nieft senger Melancholie och säi Sënn fir Ironie, Humor a Komik, mat dem hien d’Hoffnungslosegkeet vu senge Bünefiguren entschäerft huet. Immens beréierend ass virun allem d’Empathie, de Respekt an d’Fäingefill mat deenen hie mënschlech Schicksaler an eescht Sujete wéi d’Elengsinn, déi verlueren Dreem, d’Alginn an d’Léift beliicht. Am Hannergrond vum Pol Greisch sengen Texter bleift d’Hoffnung vun engem Ausbroch an de Wonsch vun enger Realisatioun vun Harmonie, Schéinheet a mënschlecher Kommunikatioun bestoen.

De 15. Februar 2026 huet eis de Pol Greisch verlooss. Seng grouss Mënschlechkeet, säin Humor, seng Wärter, d’Schéinheet an d’Portée vu sengem Wierk a senger Stëmm bleiwen eis och an Zukunft erhalen.

Pascal Seil

Illustratioun: Portrait vum Pol Greisch. Fotograf: Paolo Leoni. Digitale Bestand CNL.

Aktualiséiert