An deem rezent vum Lëtzebuerger Literaturarchiv opgehollene Fong L-430 stéisst een nieft Korrespondenzen a Manuskripter vum Jean-Pierre Erpelding, deen an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert op Däitsch verëffentlecht huet, op e lieders Zigarettenetui. Op den éischte Bléck geet dësen als gewéinlechen Alldagsobjet duerch, deen, genee wéi aner Objeten aus dem Fong – z.B. eng Zigarettekëscht, an där nach Zigarette sinn, oder eng mat den Initialie J.P an enger Illustratioun vum Pont Adolphe dekoréiert Zigarillosschachtel – op dem Auteur seng Passioun fir d'Fëmme schléissen léisst. Op den zweete Bléck offréiert den Etui eng nei Siicht op dem Erpelding säi literarescht Schafen.
Duerch seng Verzierung erschéngt den ofgenotzten Etui als een extraordinären Objet, deen een esou net onbedéngt mam »Dichter der Heimat« verknëppe géif. Net just den ofgebilte Personnagen hir Kleedung – d’Kofia, eng typesch muslimesch Kappbedeckung, souwéi e Qamis-änlecht Gewant, e Kappschleier oder de fächeraartege Prabbeli –, mee och déi dem europäesche Kontinent onvertraut Fauna a Gestalt vu Krokodillen an Afe verweisen op den Orient oder Afrika. Nieft de beschriwwene friemen Elementer léisst hir fantastesch Kompositioun de Betruechter stutzeg ginn: Wärend e Personnage op enger maanshéijer Gäns reit, schützt sech d´Krokodil mat engem Prabbeli géint d’Sonn.
Laut dem Albert Hoefler (Dichter unseres Landes 1900-1945, 1945) gouf de Jean-Pierre Erpelding, deen als Bauerefils zu Paräis a Münche studéiert hat, a sengem Schreiwe primär vun der Heemechtsseensucht geleet: Seng prominentst Romaner an Erzielungen ewéi Bärnd Bichel (1917), Anna (1918) a Peter Brendel (1959) literariséiere virun allem d’Liewe vun der ruraler Bevëlkerung. Erstaunen deet et also net, wa säi Schafe vu Literaturwëssenschaftler wéi dem Mario Fioretti (Anna. Ein Roman, 2007) oder Roger Muller (Das Heimatliche im Werk J.P. Erpeldings, 1973) duerch d’Lëns vun der Heemechtsdichtung betruecht gëtt. Dës Reduzéierung vun der Wierkinterpretatioun op dem Auteur seng Biographie kann am Hibléck op de beschriwwenen Etui an déi och am Fong L-430 conservéiert Erzielung Das Mädchen aus der Fremde relativéiert ginn. An der Erzielung hëlt den Dichter eng Fusioun tëscht dem Heimatlechen an dem Orientalesche vir: Net just léisst dat als friem intituléiert Ruth de Protagonist Jakob u Jordanien denken. Och versicht de J.P. Erpelding, d’Ruth mëttels enger Verlobung „heimisch“ ze maachen. Spannend ass, ewéi de Lëtzebuerger Schrëftsteller – entgéint aller Erwaardung – eppes Friemes beschreift an an déi scheinbar Heemechtserzielung integréiert Dass d'Haaptgewiicht fir den Erpelding allerdéngs och hei op der Duerstellung vun der Heemecht läit, weist sech net just doran, dass déi ugekënnegt Verlobung ni stattfënnt, mee och am Jakob senger minutiéiser Beschreiwung vun der Neier Bréck.
D'Motiver vum Orient a vum Pont Adolphe kënnen als eng opfälleg Parallel tëscht der Erzielung an den uewe beschriwwenen Objeten aus dem Fong gesi ginn. Awéiwäit den Zigarettenetui an d’Zigaretteschachtel de Jean-Pierre Erpelding tatsächlech beim Schafe vun Das Mädchen aus der Fremde oder eventuelle weideren Texter inspiréiert hunn, bleift allerdéngs onkloer.
Lynn Werdel
Illustratioun: Zigarettekëscht. CNL, Bestand Jean-Pierre Erpelding, L-430; III. 2-2.