Claude Mangen
©Véronique Kolber
Theater ass eemoleg! Wann d’Grenz tëscht deenen op der Bün an deenen am Publikum verwëscht, wa béid eppes Sënnleches mateneen erliewen, wat ënnerhält, beréiert a verbënnt, ass dat fir mech dat Schéinst am Theater: dësen eenzegaarteg magesche Moment.
Theater passéiert ëmmer Elo an Hei: Zuschauer a Spiller begéinen sech zu enger bestëmmter Zäit op enger bestëmmter Plaz. Zwee Verléifter, déi sech Rendez-vous ginn, fir sech kennenzeléieren, an eppes Eemoleges mateneen z’erliewen.
Et klappt net ëmmer, awer wann hir Geschichten an Erënnerungen, hir Gefiller an Erwaardungen sech an der Däischtert vum Sall beréieren, opliewen a real ginn, kann doraus eng grouss Léift entstoen!