Weltdag vum Buch 2026 – Message vum Claudine Muno

Ech duecht nom Tagebuch vum Anne Frank, nom Paul Celan senger Todesfuge kéint Antisemitismus ni méi gesellschaftsfäeg ginn. Ech duecht no The Handmaid’s Tale géif ni méi een*t kënne Fraen, déi d'Hallschent vun der Mënschheet ausmaachen, esou selbstverständlech hir Gläichberechtegung ofschwätzen. Ech duecht no 1984 géife mer méi zécken, ier mer eis Gedanken, Gefiller an Erënnerungen ouni Nout Maschinnen uvertrauen. Ech duecht Friemefeindlechkeet géif onméiglech ginn, wa mer bis mierken, dass rassistesch Parolen an all Sprooch d'selwecht absurd kléngen. An awer.

 

Ech hoffen, dass Literatur méi däerf si wéi eng Flucht aus der Realitéit oder reng Ënnerhalung. Mee dass se eng richteg Ënnerhalung bleift, tëscht de Geschichten an deenen, déi se liesen.

Dernière mise à jour