Peffermill(ch)en

Denise & Fons Ruppert

Eng kleng Geschicht vum Kabaret-Ensembel (1989-2014) mat Texter an Illustratiounen

CoverPeffermillchen400 Mat Texter vu Michael Birkenmeier, Lucien Blau, Martina Brandl, Friedrich Hollaender, Lisa Fitz, Frank, Golischewski, Claude Frisoni, Roland Harsch, Franz Hohler, Hanns Dieter Hüsch, Danielle Igniti, Gerburg, Jahnke, Erich Kästner, Josiane Kartheiser, Hannelore Kaub, Georg Kreisler, Claude Lamberty, Helmut Markiewicz, Chin Meyer, Volker Pispers, Pierre Puth, Hagen Rether, Rideamus, Otto Reutter, Lukas Resetarits, Guy Rewenig, Denise Ruppert, Jacques Ruppert, Wilfried Schmickler, Klaus Peter Schreiner, Erwin Steinhauer, Wolfgang Teuschl, Jean-Michel Treinen, Kurt Tucholsky, Stephanie Überall, Konstantin Wecker, Agathe Zeimet & Hans H. Zerlett

D’Wuerzele vun der ›Peffermill(ch)en‹ ginn zréck op 1970, wéi eng Partie vun hire Memberen am ›Rido Gaasperech‹ ënnert der Mathëllef vum Tun Deutsch Boulevardtheater gespillt hunn, ier si an den 1980er Joren als ›Rido Lëtzebuerg‹ ënnert der Regie vum Charles Muller literaresch-politesch Theaterproduktiounen op d’Bühn bruecht hunn. E puer Leit aus där Zäit hunn 1989 de Kabaret- Ensembel ›Peffer-mill(ch)en‹ gegrënnt.

Zanter hiren Ufäng koumen esou vun 1989 bis 2014 am ganzen 16 Programmer mat literareschen, gesellschaftskriteschen a politesch aktuellen Texter zesummen, dacks zweesproocheg, an ëmmer mat Live-Musek. Verzielt gëtt an dësem Buch d’Geschicht vun der ›Peffermill(ch)en‹. Vill Fotoen, Affichen an Dokumenter a virun allem eng Auswiel vun Texter aus all deene Joren erméiglechen eng kleng Zäitrees an e Bléck an d’Geschicht vun dësem Kabaret-Ensembel.

320 Säiten, 127 Illustratiounen
25 €

ISBN 978-2-919903-51-1 Centre national de littérature, Mersch © 2016

d’Buch ass ze kafen an alle Librairië an am CNL oder am online-Shop vum CNL.

  • Mis à jour le 23-12-2016