Dossiers pédagogiques

dossier_pedagogique2D’Anthologie Literaresch Welten läit als Klassesaz an alle Schoulen vum ESC an ESG. Zënter dem leschte Joer presentéieren de CNL an de SCRIPT didaktescht Material zu verschiddenen Texter aus dëser Anthologie.

Dëst Material gëtt den Enseignanten gratis als Mapp oder als .pdf zur Verfügung gestallt. Dozou gehéiert:

  • eng Lektür vum Text als .mp3
  • eng literaresch Analys
  • eng kuerz Situéierung vum Text am Kontext vum Unterrecht
  • Aarbechtsblieder
  • Tafelbiller
  • Kopéiervirlagen
  • zousätzlech Texter

Des Mapp versteet sech als Hëllefsmëttel, ouni dass hei de Cours scho virginn ass. Sou gëtt zum Beispill vill méi Material zur Verfügung gestallt, wéi normalerweis zu engem Text kann an Asaz kommen, an d’Material selwer léisst sech op ënnerschiddlech Manéieren a mat verschiddene Sozialformen asetzen. Deem eenzelnen Enseignant bleift doduerch e grousst Mooss u Selbststännegkeet an der Gestaltung vum Cours.

Gläichzäiteg bitt de Centre national de littérature och eng Rei vu Formations continues zur Literatur vu Lëtzebuerger Auteuren am Enseignement secondaire un.

Dir fannt des Dossieren um Site vun der Éducation nationale ënnert der Rubrik Ressources pédagogiques – Lëtzebuerger Auteuren: http://www.education.lu/Ressources

Méi Informatiounen zur Mapp an zur Formation continue kritt dir am CNL: nathalie.jacoby@cnl.etat.lu

  • Mis à jour le 21-09-2017