Visite guidée

De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck

Den Zeenarist Lucien Czuga perséinlech féiert Iech um 14.00 an um 16.00 Auer duerch d’Ausstellung.

De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck retracéiert d’Geschicht vun der bekanntester BD zu Lëtzebuerg. Wéi ass et zu der Zesummenaarbecht tëschent dem Zeenarist Lucien Czuga an dem Zeechner Roger Leiner komm? Wéi vill Lëtzebuerg stécht a Luxusbuerg? A wéi bréngt de Superjhemp et fäerdeg, mat Kachkéis d’Dynastie ze retten a Luxusbuerg zu engem vun de sécherste Länner vun der Welt ze maachen? Besicht Luxusbuerg mat sengem pittoreske Patrimoine, sengen ominéise Banken a senge potzpuddelplakege Fraen. Poznennö!Fir déi alleréischte Kéier huet eng Allianz aus Comic-zeechner, Frënn a Wëssenschaftler eng Expeditioun an de Superjhemp-Univers gewot an onverëffentlecht Dokumenter, nei Zeechnungen an onerwaarten Erkenntnisser mat zeréckbruecht. Eng Erliefnisrees duerch dräi Joerzéngte fir déi agefleeschte Fans vun der éischter Stonn a fir déi, déi just de Retörn vum Superjhemp kennen.

Den Zeenarist Lucien Czuga perséinlech féiert Iech um 14.00 an um 16.00 Auer duerch d’Ausstellung.
© Czuga/Leiner

Dernière mise à jour