Iwwer d’Schëller: dat klengt A B C vum CNL

Den CNL mécht am Kader vum Archivmount een Dag seng Dieren op a léisst Iech iwwer d‘Schëller kucken. Wat fënnt een an engem Literaturarchiv? Wéi versuergt een Archivdokumenter? Wéi eng Bicher ginn am CNL gesammelt a wie kënnt an den Autorenlexikon?

11h00-11h45 : D’Bibliothéik: méi wéi just Bicher
14h00-14h45 : Autorenlexikon.lu: Wat stécht derhannert?
15h00-15h45 : D’Archiv: Wat gëtt am CNL versuergt?

Sprooch: Lëtzebuergesch, Franséisch

Intervenants: Daphné Boehles, Ludivine Jehin, Pascal Seil

D'Umeldung ass obligatoresch ënner info@literaturarchiv.lu oder Telefonsnummer 326955-1

Dir kënnt Iech fir 1, 2 oder 3 Workshoppen aschreiwen. Schreift et einfach an Äre Mail dobäi oder sot eis um Telefon Bescheed! Merci!

20 Persounen maximum pro Workshop
Parking an der Ëmgéigend
Barrièrefräien Zougang

Aktualiséiert